Héichwaasser an ZentraleuropaBei den Iwwerschwemmungen an Ost- a Mëtteleuropa si bis ewell 7 Leit ëmkomm

RTL Lëtzebuerg
No Rumänien hunn och Polen an Éisträich éischt Doudesaffer duerch d'Héichwaasser gemellt.
© SERGEI GAPON / AFP

An Éisträich ass antëscht dat ganzt Bundesland Niederösterreich als Katastrophegebitt deklaréiert ginn. D’Pompjeeë sinn deels mat Schlauchbooter ënnerwee, fir Leit aus hiren Haiser ze retten. Ma och an Tschechien sinn d’Secouristen am Asaz géint d’Héichwaasser an d’Iwwerschwemmungen. Op d’mannst 4 Persoune gëllen als vermësst.

An Däitschland ass d’Situatioun aktuell manner schlëmm wéi erwaart. D’Peegele vun de Flëss kéinten zwar nach klammen, Iwwerschwemmungen an Héichwaasser wéi am Juni gëtt sech awer net méi erwaart - dat mellt den däitsche Wiederdéngscht.

Back to Top
CIM LOGO