Walen an IsraelBéid Säite revendiquéiere Victoire fir sech - Netanjahu no Auszielung vu 50 Prozent vir

AFP
No dem knappen Ausgang vun de Parlamentswalen an Israel hu béid Säiten d'Regierungsbildung fir sech revendiquéiert.
Souwuel de Ministerpresident Netanjahu wéi och den Oppositiounspolitiker Eisenkot hunn e Mëttwoch annoncéiert, eng nei Regierung bilden ze wëllen.
© AFP

Souwuel de Ministerpresident Benjamin Netanjahu wéi och de wichtegsten Oppositiounspolitiker Gadi Eisenkot hunn e Mëttwoch annoncéiert, eng nei Regierung bilden ze wëllen. Allerdéngs hu béid Säiten déi dofir néideg Majoritéit vun 61 Sëtz verfeelt. Prognosen no leie si Kapp u Kapp, ma no der Auszielung vu 50 Prozent vun de Stëmmen huet den Netanjahu aktuell d'Nues vir. Däitlech Gewënn hunn déi zwou Lëschte vun den arabesche Staatsbierger gemaach. Si kéinten elo zu den Decideure vun der Wal ginn.

De Léonardo Kahn, Journalist an Israel-Korrespondent, huet e Mëttwoch de Moien op der RTL-Antenn live aus Tel Aviv seng Aschätzunge ginn. Datt den Netanjahu elo d'Nues vir hätt, wier "déi grouss Iwwerraschung". "Zanter Méint hunn d'Ëmfroen u sech gewisen, datt den Netanjahu a seng Regierungskoalitioun d'Majoritéit verléiert. Elo haut de Moie steet Israel op a gesäit, dat ass net de Fall. D'Oppositiounsparteien, déi leien hannen, mat 49 vun 120 Sëtz. An den Netanjahu a seng Regierungskoalitioun mat 55 vun 120 Sëtz. Ma béid Lageren hu keng Majoritéit."

Léonardo Kahn vun Tel Aviv zu de Walen an Israel

Wéi et aus de Walbüroen heescht, louch d'Walbedeelegung bei der éischter Parlamentswal an Israel zanter dem Hamas-Iwwerfall am Joer 2023 bei bal 78 Prozent. Den héchste Wäert zanter 1999. Ronn 7,3 Millioune Mënsche ware walberechtegt, dorënner zwou Milliounen arabesch Israeelien. Zegdausenden Israeelie sinn den Estimatiounen no eegens aus dem Ausland agereest, fir ze wielen. Den Léonardo Kahn sot eis aus Israel: "Dat ass och eng historesch héich Walparticipatioun vu Palästinenser gewiescht. Dat ass wierklech eng historesch Wal an d'Resultat ass, genee esou wéi d'Land, einfach immens gespléckt."

An den éischten Ëmfroen no de Walen hat den Oppostitiounsblock nach mat knappem Virsprong virum Krees ronderëm de Benjamin Netanjahu geleeën. De rezentsten Ëmfroen no de Walen no, vun de Senderen Channel 11 an Channel 13, koume béid Bündnisser op jeeweils 51 Sëtz. Channel 12 huet den Eisenkot mat 52 Sëtz liicht vir gesinn. Fir d'Majoritéit an der Knesset, also dem israeelesche Parlament, sinn 61 vun den insgesamt 120 Sëtz néideg.

D'Wale gëllen als richtungsweisend an dem staark gespléckte Land. Wichteg Theeme bei der Wal waren d'Opschaffe vum Hamas-Iwwerfall vum 7. Oktober, radikal Siddler an d'Gewalt am Westjordanland, genee wéi de Militärdéngscht fir ultra-orthodox Judden.

Den Netanjahu ass deen am längsten amtéierende Regierungschef an Israel. "Wat ee soe kann, ass datt de Benjamin Netanjahu no 19 Joer am Amt, datt hien einfach e politescht Déier ass, an dee fënnt ëmmer e Wee, fir Nout-Situatiounen a senger Faveur ze dréinen. Dat heescht, ech géing hien net sou séier ofschreiwen", seet de Léonardo Kahn. Mat senger aktueller Koalitioun aus rietsextremen an ultra-reliéise Parteien ass d'Land däitlech no riets geréckelt. De 77 Joer ale Politiker huet sech e Mëttwoch zouversiichtlech gewisen, d'Land och an Zukunft unzeféieren. Hien huet sech zwar net ausdrécklech zum Walgewënner deklaréiert, ma sot, seng Likud-Partei wier déi stäerkst Eenzelpartei ginn.

Den Netanjahu huet iwwerdeems och op seng gutt Relatioune mam US-President Trump higewisen. "Israel huet zesumme mat eisem Partner, dem President Trump, déi eemoleg Geleeënheet, déi existenziell Menace duerch den Iran fir ëmmer aus der Welt ze schafen."

Wéi eng Roll spillt déi arabesch Minoritéit?

No de Wale versprécht eng Regierungsbildung schwéier ze ginn. Eng decisiv Roll dierft dobäi Parteie vun den arabesch-israeelesche Staatsbierger zoukommen. Souwuel d'Vereenegt Lëscht wéi och Raam hunn däitlech besser ofgeschnidden, wéi erwaart. Zesumme kommen déi zwou gréisstendeels arabesch Lëschten an ëmfroen no de Walen op 17 bis 18 Sëtz - esou vill, wéi nach ni. An enger Rei arabesch-israeelesche Gemenge louch d'Walbedeelegung bei bal 100 Prozent.

D'Ënnerstëtzung vun den arabesche Parteie kéinten der Oppositioun de Wee un d'Muecht fräi maachen. Allerdéngs hat den Eisenkot bis ewell net ëffentlech erkläert, datt hie mat hinne géif zesummeschaffen. De Raam-Chef Mansur Abbas huet vun enger "schwéierer Defaite" fir dat rietst Lager geschwat. Hien huet sech oppe gewisen, mam Eisenkot zesummenzeschaffen. Experten no kéinten arabesch Deputéiert eng Minoritéitsregierung stëtzen, ouni dobäi awer Deel vun enger Koalitioun ze ginn. Sollt dëst net glécken, kéinten an Israel Neiwalen ustoen.

Dem Netanjahu seng Likud-Partei huet eng Zesummenaarbecht mat den arabesche Parteien schonn ausgeschloss - ma net just déi, erkläert eis de Léonardo Kahn. "All zionistesch Partei bis op eng huet dat doten ausgeschloss. Dat ass och e grousse Sujet bannent der Oppositioun. Déi besteet aus véier Parteien, dovunner hunn der dräi scho kategoresch ausgeschloss, datt se mat arabesch Parteien koaléiere wëllen."

Back to Top
CIM LOGO