De Problem wär awer, dass se op engem méi héijen Niveau géinge bleiwen, wéi sech erwaart ginn ass. An dat wär notamment de Fall am Norde vum Land an an der Province de Luxembourg.
Un der Lëtzebuerger Grenz wären d’Kontaminatioune bei de Leit iwwer 40 Joer däitlech um klammen an dat léich un de ganz ville Kontakter mam Grand-Duché an och un de ville Frontalieren, déi hei am Land schaffen.
An et wéisst ee jo schliisslech och, dass Lëtzebuerg den Ament ee vun den héchste Kontaminatiouns-Tauxen an Europa hätt. Sou sot et e Méindeg de Moien den Dokter Yves Van Laethem, deen déi neisten Epidemiologies-Indicateure presentéiert huet.
Allerdéngs wären dës Iwwerleeungen den Ament nach reng Spekulatioun. Et géinge keng handfest Beweiser dofir ginn. An den nächsten 2 Woche soll dat awer méi genee iwwerpréift ginn.
