Bei Visitt zu BudapestBenjamin Netanjahu bezeechent ungareschen Austrëtt aus IStGH als "couragéis"

RTL Lëtzebuerg
Den israeelesche Premier Netanjahu ass fir eng offiziell Visitt an Ungarn. Hien ass an der Nuecht op en Donneschdeg zu Budapest ukomm.
© ATTILA KISBENEDEK AFP

Eigentlech hätt den israeelesche Premier direkt misse verhaft ginn, dat wéinst engem internationale Mandat d’arrêt vum Strofgeriichtshaff zu Den Haag. Den ungaresche Premier Viktor Orban hat awer am Virfeld scho wësse gedoen, dass een dat net wäert maachen.

Ungarn huet en Donneschdeg de Moien dunn annoncéiert, aus dem Internationale Strofgeriichtshaff (IStGH) austrieden ze wëllen. Dat huet den ungaresche Kanzleramtsminister Gergely Gulyas géigeniwwer der staatlecher Noriichtenagence MtI confirméiert.

De Benjamin Netanjahu gouf um Fluchhafe vum ungaresche Verdeedegungsminister Kristof Szalay-Bobrovniczky empfaangen, am Laf vum Moie huet hie sech dann och mam ungaresche Ministerpresident Viktor Orban getraff.

Benjamin Netanjahu begréisst ungareschen Austrëtt aus dem IStGH

Um Uschloss un d’Entrevue hu béid Regierungscheffen dann eng gemeinsam Pressekonferenz ginn. Op dëser huet de Viktor Orban weider Detailer zu der ungarescher Decisioun, de Réimesche Statut opzekënnegen, an aus dem Internationale Strofgeriichtshaff auszetrieden, ginn. D’Geriicht wier dem Viktor Orban no zu engem Mëttel vun der Politik degradéiert ginn. Grad d’Decisioune vum IStGH géigeniwwer Israel géife weisen, wéi parteiesch d’Geriicht wier.

De Benjamin Netanjahu huet sengem ungareschen Homolog da Merci fir d’Ënnerstëtzung gesot. Den ungareschen Austrëtt aus dem Internationale Strofgeriichtshaff géif déi couragéiert a prinzippiefest Positioun vum Viktor Orban erkenne loossen.

Back to Top
CIM LOGO