
An engem gemeinsame Communiqué betounen d’Ausseministere vun Däitschland, Frankräich a Groussbritannien, dass eng Uräicherung vun Uran am Iran e grousse Risk géif duerstellen. Hei geet et och ëm d’Proliferatioun, also dem Weidergi vu Material, Technologie a Fachwësse vun Atomwaffen.
Teheran hat e Méindeg mat der Uräicherung vun Uran op 20% ugefaangen, dat an der ënnerierdescher Atomanlag Fordo, ronn 180 Kilometer südlech vun Teheran an esou géint dat internationaalt Atomofkommes (JCPoA) verstouss. An sech ass hei jo e Wäert vun 3,67% maximal virgesinn.
D’Ministere vun den 3 Länner bezeechnen dëse Schratt als eng uerg negativ Entwécklung a kéint och den zukünftege Relatiounen tëscht den USA an dem Iran schueden. Den Iran misst elo direkt d’Uräicherung nees stoppen an d’Grenzwäerter anhalen.