
Och en Duerf, dat zum Unesco-Weltierwe gehéiert, ass a Gefor. En Dënschdeg gouf dat historescht Duerf Hahoe am Südoste vum Land evakuéiert. D’Flame géife sech an déi Richtung beweegen, et sollt een dëst Gebitt direkt verloossen.
Nach en Dënschdeg de Moie gouf et lescht Versich, déi iwwer dausend Joer al Tempelanlag vu Gounsa an der Regioun Uiseong virum Feier ze schützen. All Konschtschätz, déi beweegt konnte ginn, huet een aus dem Tempel geholl an a Sécherheet bruecht. Eng gëlle Buddha-Statue, déi ze schwéier war, fir ze transportéieren, gouf a Brandschutzdecken agewéckelt. E puer Stonne méi spéit hu Vertrieder vun der koreanescher Kulturierweverwaltung festgestallt, dass alles néiergebrannt wier.
De Weekend waren am Südoste vum Land iwwer eng Dose Bëschbränn ausgebrach, véier Mënsche koumen duerch d’Feier ëm d’Liewen. Bis en Dënschdeg hunn d’Flame ronn 14.700 Hektar Bësch verbrannt. Dausende Pompjeeën an Zaldote kämpfe géint d’Bränn, déi duerch déi staark Loft ëmmer nees uginn. A véier Regioune gouf den Ausnamezoustand ausgeruff. D’Bränn sinn déi drëttgréisst an der Geschicht vum Land.