
Den zukünftegen US-President Joe Biden huet d’Verhale vun der Regierung vum Donald Trump kritiséiert. Et géing ee weider de Wiessel un der Spëtzt vun den USA blockéieren an domadder d’Sécherheet vun den Amerikaner a Gefor bréngen.
Bei zentralen Dossiere vun der nationaler Sécherheet kréich seng Ekipp net all d’Informatiounen, déi noutwendeg wären, sou de Biden an enger Ried a senger Heemechtsstad Wilmington. Dat wär “verantwortungslos”.
De Biden huet sech konkret iwwert de Verdeedegungsministère opgereegt, de Ressort géing senger Ekipp Steng an de Wee leeën an de Wiessel behënneren. Scho virdrun hat sech d’Ekipp vum Biden beschwéiert, datt de Verdeedegungsministère Briefinge géif ausfale loossen an Informatiounen zeréckhale géif. De Pentagon huet dës Reprochen zeréckgewisen an de Verdeedegungsminister Christopher Miller huet erkläert, datt d’Mataarbechter wärend dem Iwwergangsprozess mat “héchster Professionalitéit” geschafft hätten a géifen dëst och weiderhi maachen.
