Tierkei a SyrienBiewen huet d'Äerduewerfläch plazeweis ëm bis zu 6 Meter verréckelt

RTL Lëtzebuerg
Deels sinn duerch d'Biewe Rëss entstanen, déi eng 250 Kilometer laang sinn. An där Regioun stousse jo zwou tektonesch Placken openeen.
© AFP/OZAN KOSE

Déi staark Äerdbiewen an der Tierkei an a Syrien hunn d’Äerduewerfläch plazeweis ëm bis zu 6 Meter verréckelt. Dat hu Wëssenschaftler aus Däitschland mat Hëllef vu Satellittebiller observéiert.

Zéng Deeg no den Äerdbiewen an der tierkesch-syrescher Grenzregioun ass d’Zuel vun den Doudesaffer op méi wéi 42.000 geklommen. Vereenzelt ginn nach ëmmer Leit lieweg aus dem Gestengs erausgeholl. En Donneschdeg konnte Rettungsekippen nach ee 17 Joer alt Meedche lieweg aus den Iwwerreschter vun engem Gebai zéien - 248 Stonnen nom Äerdbiewen d’lescht Woch.

D'Famill vum Meedchen, dat gerett gouf, ëmäermelt d'Rettungsekippen.
D’Famill vum Meedchen, dat gerett gouf, ëmäermelt d’Rettungsekippen.
© AFP/OZAN KOSE

D’Unicef geet dovunner aus, dass an der tierkesch-syrescher Äerdbiewe-Regioun am ganze 7 Millioune Kanner liewen. Vill vun deenen, déi d’Äerdbiewen iwwerlieft hunn, sinn traumatiséiert a mussen elo psychologesch betreit ginn. Besonnesch Kanner di sech schwéier, fir dat wat si zënter dem 6. Februar erlieft hunn, ze verstoen a mental ze verschaffen. Donieft riskéiere vill Kanner, béid Elterendeeler verluer ze hunn. Den tierkesche Familljeministère schwätzt vun 1.000 potentielle Weesekanner.

Äerdbiewen hannerléisst vill Weesekanner
Vill Kanner, déi d’Äerdbiewen iwwerlieft hunn, sinn traumatiséiert a mussen elo psychologesch betreit ginn.

Nobiewe maachen d’Opraumaarbechten an d’Hëllef awer schwéier. Bis ewell goufe méi wéi 4.300 Nobiewe registréiert.

An der Tierkei ginn eng 13.000 Blesséierter aktuell an de Spideeler behandelt. Op ville Plazen ass allerdéngs och d’Infrastruktur fir d’Spideeler staark beschiedegt ginn.

Der tierkescher Regierung no goufe bal 220.000 Wunnengen zerstéiert, staark beschiedegt oder mussen ofgerappt ginn. 1,6 Millioune Mënschen hu musse provisoresch ënnerdaach bruecht ginn a ronn 600.000 Leit goufe komplett aus der Regioun evakuéiert.

Hei kënnt Dir spenden

Back to Top
CIM LOGO