
Et hätt sech am Labo gewisen, datt d’Blutt vun 20 mam Impfstoff geimpfte Persounen d’Schlësselmutatioune vun de Coronavirus-Varianten aus Groussbritannien a Südafrika neutraliséiert, am Blutt also genuch neutraliséierend Antikierper waren.
Enn Januar waren d’Date vun den Tester vu Pfizer an der University of Texas fir d’éischte Kéier bekannt ginn. Deemools hate Biontech a Pfizer betount, datt d’Resultater net op eng Noutwendegkeet vun engem neien Impfstoff géint déi nei Varianten deite géifen.
Mëttlerweil hunn och extern Experten d’Resultater ënnert d’Lupp geholl, sou datt et elo zu enger Publikatioun an der Fachzäitschrëft “Nature Medecine” komm ass. Do heescht et ënnert anerem, elo bréicht ee klinesch Daten, fir nach méi iwwert d’Wierkung vum Impfstoff géint d’Virusvarianten ze léieren. Déi permanent Weiderentwécklung vum Sars-CoV-2 géif ee kontinuéierleche Monitoring vun de Varianten an de méigleche Suitten fir d’Effektivitéit vun Impfstoffer néideg maachen.
