58. Dag vum Krich an der UkrainBis zu 9.000 Läiche sollen zu Mariupol a Massegriewer leien

Petz Bartz
Dem Buergermeeschter vun der Hafestad no hätte russesch Besatzer probéiert, d'Krichsverbriechen ze vertuschen an all Spueren ze verwëschen.
58. Dag vum Krich an der Ukrain
D’Entwécklungen aus de leschte Stonne kuerz zesummegefaasst.

“Et wier eng realistesch Méiglechkeet, dass de Krich an der Ukrain nach bis d’nächst Joer amgaange wier”, dat sot e Freideg de brittesche Premier Boris Johnson. Et géif een och plangen, fir Polen ze froen, Panzer a schwéier Artillerie an d’Ukrain ze schécken. Material, dat den ukrainesche Militär kennt an ouni weider Formatioun direkt kann notzen. An da géif London dem polnesche Militär d’Material ersetzen.

Iwwer Telegram huet den Tchetschene-Chef Ramzan Kadyrov mat engem Video behaapt, seng Truppen hätten d’Kontroll iwwerholl am Stolwierk vun Azovstal zu Mariupol. Hie selwer ass net op der Plaz.

Déi ukrainesch Féierung zu Kiew dementéiert awer weiderhin, dass déi 2.000 ukrainesch Militär plus déi iwwer 1.000 Zivilisten, déi nach an de Katakombe vum Wierk sëtzen, opginn hätten, respektiv erauskomm wieren. Am Géigendeel, d’Stolwierk wier nach ëmmer ënner russeschem Beschoss. De Verdacht läit no, dass déi ugekënnegt Victoire zu Mariupol eng Desinformatioun vum Kreml gewiescht kéint sinn.

Keng Fake News si weider Massegriewer, déi zu Mariupol mat Hëllef vu Satellittebiller konnten identifizéiert ginn. Bis zu 9.000 Läiche sollen hei leien. Dem Buergermeeschter no hätte russesch Besatzer probéiert, hir barbaresch Krichsverbriechen ze vertuschen an all Spueren ze verwëschen, sou wéi scho virdrun zu Butscha, Borodyanka oder Chernihiv.

Leider huet Russland eng Propos fir eng Wafferou fir Ouschtere verworf. Et weist, wat se vum Glawen halen. Mee mir behalen d’Hoffnung, d’Hoffnung op Fridden. D’Liewen ass méi staark wéi den Doud, sou den ukrainesche President Selenskyj.

Déi militäresch Féierung zu Moskau huet e Freideg iwwerdeems d’Strategie confirméiert, déi een dës Woch aus de russesche militäresche Beweegungen a Prioritéiten am Donbass konnt erausliesen. An enger weiderer Phas vum Krich géif et drëms goen, iwwert de Landwee tëscht dem Donbass an der Krim eraus, fir och d’Hafestad Odessa (an de Kreml-Wierder) “ze befreien”. Dat separatistescht, pro-russescht Transnistrien géif de Plang begréissen. D’Ukrain hätt all Mieresaccès verluer. D’Integritéit vum Staat Moldova wier zerstéiert.

Sënn géif déi ganz Invasioun - oder dee sougenannte Landklau - fir de Kreml och just maachen, wann een déi Territoirë géif fest an d’russesch Federatioun ophuelen.

D’Hannergrënn iwwert de Krich an der Ukrain kuerz erkläert

Back to Top
CIM LOGO