ChinaBloggerin Zhang Zhan wéinst Corona-Aussoen zu 4 Joer Prisong verurteelt

RTL Lëtzebuerg
Wéinst hire kritesche Posts iwwer d'Ausbreedung vum Virus zu Wuhan ass eng 37 Joer al Fra elo zu Shanghai verurteelt ginn.

Si hat geschriwwen, datt d’Regierung de Leit net genuch Informatiounen iwwer d’Pandemie géing ginn, dat wier ee Verstouss géint d’Mënscherechter.

D’Zhang Zhan ass am Hongerstreik. Et gëtt gefaart, datt si am Prisong stierft.

D’UN-Kommissärin Michelle Bachelet huet d’Fräiloossung vum Zjang gefuerdert.

Back to Top
CIM LOGO