30. Januar 1972Bloody Sunday

RTL Lëtzebuerg
Eng illegal awer friddlech Demonstratioun zu Londonderry an Nordirland sollt um Enn 13 Mënscheliewe fuerderen.
© SeanMack/wikipedia

De Konflikt a Muechtkampf tëscht Protestanten a Katholicken respektiv Unionisten a Republikaner existéiert zanter der Eruewerung vun Irland duerch England am Joer 1801 an absënns dem ireschen Onofhängegkeetskrich vun 1919 bis 1921. Enn den 1960er koum et ëmmer nees an ëmmer méi zu Onrouen an Nordirland, wéi brittesch Truppen déi nationalistesch Aktivitéite vun der IRA (Irish Republican Army) ënnerbanne wollten.

Den 30. Januar 1972 hunn eng 10.000 Bierger zu Londonderry géint déi brittesch Internment-Politik (déi direkt Inhaftéierung, ouni Geriichtsprozess, vu suspekten ireschen Nationalisten) demonstréiert.
D’Manifestatioun war net vun offizieller Säit erlaabt ginn an déi brittesch Autoritéiten hunn Zaldoten, och Militär-Parachutisten, an d’Stad beuerdert fir den Demonstranten de Wee an den Zentrum ze verspären. Et koum zu enger direkter Konfrontatioun, Steng a Fläsche si geflunn an d’Géigesäit huet mat Gummigeschosser a Waasserwerfer reagéiert.

Zu engem gewëssene Moment ass d’Gewalt eskaléiert an d’Arméi huet ouni Virwarnung schaarf geschoss. 13 Demonstranten, ënnert hinne 6 Mannerjäreger, hunn hiert Liewe gelooss, 17 goufe schwéier blesséiert.

© AFP

D’Ermëttlungen nom Virfall hu kontradiktoresch Conclusiounen erginn: De brittesche Lord Chief Justice huet behaapt, datt d’Demonstranten deen éischte Schoss ofgefeiert hätten, och wa bei kengem vun den Doudegen eng Waff fonnt gouf. Domadder waren déi brittesch Zaldoten am Prinzip vun all illegaler Handlung entlaascht. En nordiresche Geriichtsmedeziner huet deem awer widdersprach an den Akt als onverfälschte Mord bezeechent. D’Ënnerstëtzung vun der IRA an de gewaltsame Protest géint Groussbritannien, fir e Réckzoch aus Nordirland ze erzwéngen, kruten an de Méint a Joren duerno eng nei Dimensioun.

© AFP

Eréischt 1998 huet de Premier Tony Blair eng weider Enquête an d’Weeër geleet an no 12 laange Jore koum dëse Rapport zum Schluss, datt keent vun den Affer zu kengem Moment eng Menace fir d’Zaldote representéiert huet. Den David Cameron huet am Juni 2010 am Numm vun der brittescher Regierung ëm Verzeiung gefrot an annoncéiert, de Famillje vun den Affer eng finanziell Entschiedegung ze proposéieren. 2012 goufen Ermëttlunge wéinst Mord ageleet, awer nëmmen een, de sougenannten “Zaldot F” gouf ugeklot, wéinst Mangel u Beweiser allerdéngs net verurteelt.

Back to Top
CIM LOGO