
Schätzunge vun der Uni vu São Paulo no ware ronn 45.000 Mënschen an der zentraler Avenida Paulista e Sonndeg op d’Strooss gaangen. Vill vun hinnen haten als Symbol vun der Ënnerstëtzung fir de Bolsonaro de gielen Trikot vun der Futtballnationalekipp un.
“Wat dës Leit wierklech wëllen, ass net, mech anzespären”, huet de Bolsonaro wärend der Maniff geruff. “Si wëlle mech ëmbréngen, well ech hinnen en Dar am A sinn.”
Den Ieweschte Geriichtshaff hat Enn Mäerz decidéiert, datt et genuch Beweiser géint de rietsradikale Politiker géinge ginn, fir e Prozess wéinst dem Reproche vun engem versichte Coup d’État ze lancéieren. Am Fall vun enger Verurteelung kéint de 70 Joer ale Bolsonaro eng Prisongsstrof vu bis zu 40 Joer kréien.
Den “aktuelle System” géing dorop viséieren, “rietsgeriicht Leader vun de Walen auszeschléissen”, sot de fréiere brasilianesche President weider. “Mä wa si denken, datt ech opginn oder fortlafe wäert, da leie si falsch.”
De Bolsonaro hofft - änlech, wéi et dem Donald Trump gelonge war - op e politesche Comeback a wëll 2026 bei der nächster Presidentschaftswal kandidéieren. Dat dierf hien awer nom aktuelle Stand net: Dat brasilianescht Walgeriicht huet de Bolsonaro fir den Zäitraum vun 2023 bis 2030 vu politesche Posten ausgeschloss, well hien ouni Beweiser d’Zouverlässegkeet vum elektronesche Walsystem kritiséiert huet.
De Bolsonaro soll probéiert hunn, ze verhënneren, datt säi Successeur, de Luiz Inácio Lula da Silva no senger Victoire bei der Presidentschaftswal 2022 säin Amt untrëtt. Eng Woch, nodeems de Lula säin Amt den 1. Januar 2023 ugetrueden hat, war et a Brasilien zu gewaltsamen Ausernanersetzunge komm. Den 8. Januar hate Bolsonaro-Supporter de Kongress zu Brasília, de Büro vum President an dat Iewescht Geriicht gestiermt an do stonnelaang fir Chaos an Zerstéierung gesuergt. De Bolsonaro fuerdert eng Amnestie fir d’Supporter, déi am Kontext vun den Ausschreidunge verurteelt goufen.