Potentielle May-SuccesseurBoris Johnson an Jeremy Hunt a leschter Ronn

RTL Lëtzebuerg
Verléisst Groussbritannien d'EU mat oder ouni Accord? Dat ass elo net méi un der Premier Ministesch Theresa May, mä un hirem Successeur ze klären.
© AFP

An déi kruten en Donneschdeg de Moien e ganz klore Message aus der britescher Regierung. De Finanzminister Philip Hammond huet déi potentiell Successeuren nämlech virdru gewarnt, ouni Accord aus der EU auszetrieden. Dat kéint déi britesch Wirtschaft staark belaaschten an e puer Milliarde Pond kaschten. D’Vereenegte Kinnekräich kéint doduerch auserneebriechen, warnt de Finanzminister.

Haaptfavoritte waren nieft dem fréieren Ausseminister an Ex-Buergermeeschter vu London Boris Johnson, och den aktuellen Ausseminister Jeremy Hunt, den Ëmweltminister Michael Gove an den Inneminister Sajid Javid.

De Boris Johnson konnt den Donneschdeg de Mëtteg säi Virsprong weider ausbauen. Am éischte vun zwee Waltier konnt sech den Johnson mat 157 vun 311 Stëmme vun de konservativen Tory-Deputéierte géint seng 3 Géigekandidaten däitlech duerchsetzen. Den Inneminister Sajid Javid krut der mat 34 am mannsten an ass dofir aus der Course eraus.

An der leschter Ronn um Donneschdeg den Owend war et kloer: De Boris Johnson an de Jeremy Hunt sinn an der leschter Ronn Enn Juli.

Si trieden elo an der Woch vum 22. Juli géinteneen un. Do dierfen dann eng 160.000 Partei-Memberen vun den Tories ofstëmmen.

Den Boris Johnson gëllt weiderhin als Favorit.

Back to Top
CIM LOGO