12 Joer PrisongBrittesch Teenager-Mamm wéinst Mord un Neigebuerenem verurteelt

RTL Lëtzebuerg
No der Gebuert, ouni Hëllef, vun hirem Kand hat eng deemools 15 Joer jonk Brittin de Puppelchen ëmbruecht. Elo muss si op d'mannst 12 Joer an de Prisong.
© AFP (Archiv)

Am Mäerz 2019, wéi d’Täterin 15 Joer al war, huet si d’Kand an der Stuff vun hiren Elteren op d’Welt bruecht. D’Schwangerschaft hat si dem Parquet no virun der Famill geheim gehalen. Schonn dat ass dem Geriicht duergaangen, fir de Mord als geplangt unzegesinn.

“Et gouf d’Decisioun geholl, fir op d’Hëllef vun der Mamm, dem Papp an de Rettungsekippen ze verzichten an de Puppelchen ëmzebréngen”, esou de Vertrieder vum Parquet. De Verdeedeger vun der haut 19 Joer jonker Fra sot dogéint, datt d’Meedche verletzlech war a vun de Leit ëm hatt ausgenotzt gouf.

Déi jonk Fra hat ausgesot, datt si d’Schwangerschaft selwer net bemierkt hätt an d’Kand dout op d’Welt komm wier. Eng Jury hat et awer als bewise gesinn, datt si dem Neigebueren eng Schädelfraktur zougefüügt huet an et dono mat Hëllef vu Watt erstéckt hätt. Dowéinst gouf d’Meedchen aus der Grafschaft Herefordshire wéinst Mord schëlleg gesprach.

Back to Top
CIM LOGO