
2021 ass d’Joer vun der Hoffnung, esou de Jean Castex an der Pressekonferenz um Donneschdeg den Owend. Aktuell awer wier den Niveau vun den Infektiounen nach héich, dat mat eppes iwwer 15.000 pro Dag. Domadder ass d’Zirkulatioun awer a Frankräich manner héich, wéi an den Nopeschlänner, esou de Jean Castex.
Awer déi sanitär Situatioun ass nach ëmmer net normal, ma ass esouguer an de leschte Wochen nach méi fragil ginn, präziséiert de Premierminister. Aktuell wier eent vun zwee Better op der Intensivstatioun beluecht. Et misst een och op déi nei Mutatioune vum Virus oppassen, well, och wa se nach net op ville Plazen detektéiert goufen, kéinte se awer méi ustiechend sinn. De Jean Castex huet dann och annoncéiert, datt een d’Grenzen zu Groussbritannien jusqu’à nouvel ordre géif zouloossen.
Déi nei Mutatioun hätt et innerhalb vun zwou Woche fäerdeg bruecht, fir op der Insel zu der dominéierender Mutatioun ze ginn, huet de Gesondheetsminister Olivier Véran präziséiert. Bis ewell hätt een 19 Fäll a Frankräich fonnt.
Et wier dowéinst elo net de Moment, fir déi eege Garde falenzeloossen, huet de Jean Castex nach betount. Déi zweet Well ass nach ëmmer do. Dowéinst bleiwen och all déi Etablissementer, déi aktuell zou sinn, och bis Enn vum Mount zou. Den nächste Point wéilt een den 20. Januar maachen. Dës Decisioun gëllt natierlech och fir d’Schistatiounen. De Staat wäert déi betraffe Secteuren awer weider begleeden an ënnerstëtzen, esou de Jean Castex.
Och de couvre-feu bis 20 Auer wäert verlängert ginn. A 15 Departementer gëllt dëse jo souguer scho vun 18 Auer un, dat fir op d’mannst zwou Wochen. Déi lescht Zuele weisen awer, datt nach weider 10 Departementer dobäi kéinte kommen. Bis e Sonndeg misst déi Decisioun gefall sinn.
Vum 10. Januar u gëtt dann de Wee, wéi ee sech bei enger méiglecher Infektioun melle muss, geännert. Esou mussen d’Leit, déi Symptomer hunn oder mat anere Leit a Kontakt waren, sech bei der Krankekeess mellen.
Och sinn d’Ministerer op d’Impfcampagne ze schwätze komm, déi a Frankräich méi lues, wéi a villen anere Länner, ugefaangen huet. Dëst wier de Fall, well ee sech un d’Consigne vun der Haute autorité de Santé gehalen huet. Et misst een déi Zäit awer elo ophuelen.
Jiddereen, dee sech impfe wëll loossen, soll dat och däerfe maachen. Frankräich huet 200 Milliounen Dose bestallt, déi am Laf vum Joer all sollten ukommen. Bis Enn vum Mount wäert Frankräich op d’mannst eng Millioun Leit impfen. Leit vun iwwer 75 Joer solle sech vum 18. Januar un impfe loossen, esou de Minister. Bis ewell louch dësen Datum bei Enn Februar.
