No Partygate-AffärBrittesche Premier Boris Johnson wëll am Amt bleiwen

RTL Lëtzebuerg
Hie géing d’Geldstrof bezuelen, wéilt säi Mandat awer weider ausféieren, huet hie matgedeelt.

De Boris Johnson war wéinst enger Rei Partye wärend dem éischte Corona-Lockdown an d’Kritik geroden. Mat der Geldstrof, déi hien elo vun der Police krut, ass confirméiert ginn, dass d’Partyen zu deem Ament illegal waren. De Boris Johnson wëll awer wéi gesot net zerécktrieden a sot hie wéilt “d’Problemer vum Land ugoen”. Hien hätt d’Strof bezuelt a wéilt sech fir säi Feeler entschëllegen.

Op d’Froen, ob hie mat sengem Verhale Gesetzer gebrach hätt, ass de brittesche Premier net agaangen.

Partygate-Affär: Oppositioun fuerdert Récktrëtt

Back to Top
CIM LOGO