KanadaBuchunge fir Florida a Karibik si rapid an d'Luucht geklommen

RTL Lëtzebuerg
D'Reesender ginn als arrogant duergestallt, well si maache wéi wann et de Virus net géif ginn a well si net iwwer Konsequenze vun hirer Vakanz nodenken.

Schnéi ass schéin a gutt. Mä sechs Méint dovu kann ze vill des Gudde sinn. Zemools wann et all Joer esou ass. Dofir fléien eng Partie kanadesch Pensionären iwwer de Wanter an de Süden. D’Nadine Kremer erzielt eis a senger Korrespondenz aus Kanada iwwer déi sougenannte Snowbirds an hir aktuell Problemer.

Kanadier flüchte virum Wanter - Reportage vum Nadine Kremer

D’Kanadier, déi sech et erlabe kënnen, flüchte virum laange Wanter an de Süden. D’Haaptzil vun hinnen ass Florida. Vill vun de sougenannte Snowbirds hunn do eng zweet Residenz. Si verbrénge sechs Méint am Joer a Kanada an déi aner an den USA.

D’lescht Joer am Mäerz sinn eng Rei Leit wéinst dem Lockdown méi fréi zeréckkomm, an dëst Joer ass et u sech d’Recommandatioun doheem ze bleiwen. Effektiv ass d’Grenz tëscht Kanada an den USA nëmmen op, wann ee flitt. Deemno konnten der vill, déi ëmmer mam Auto oder mam Campingcar fueren, net fort.

Mä d’Ukënnegung vun der kanadescher Regierung, dass ee fir Chrëschtdag keen invitéieren dierf, huet vill Persounen, dozou bruecht hir Pläng ze änneren.

Nieft deene Snowbirds, déi eigentlech dëst Joer net an de Süde wollten, hunn och vill aner Québecer no der Annonce d’Reesbüroe gestiermt. D’Buchunge fir a Florida an an d‘Karibik si rapid an d’Luucht gaangen.

Trotzdeem sot ee Responsabele vum Fluchhafen zu Montreal, dass nëmmen 10% esou vill Touriste fléie wei d’lescht Joer, well d’Fligere manner Kapazitéit hunn. Dat sinn awer wärend de Feierdeeg ëmmerhin nach 8.000 Persoune pro Dag.

Och d’Nancy Duclos hat mat hirem Mann iwwerluecht fortzefléien.

Pour un Québécois d’aller au soleil, c’est merveilleux. Cela nous permet de couper l’hiver en deux et de passer les vacances des fêtes, profiter de la chaleur, profiter du plaisir, de la mer, de la plage – profiter de la vie quoi.

D’Politiker dogéint sinn net frou iwwer des Entwécklung. D’Ouschtervakanz am Mäerz huet dozou gefouert, dass de Québec déi kanadesch Provënz mat de meeschte Fäll ass. D’Regierung wëll verhënneren, dass och elo erëm de Virus verstäerkt mat zréck an d’Land bruecht gëtt.

D’Reesender ginn als arrogant duergestallt, well si maache wéi wann et de Virus net géif ginn a well si net iwwer Konsequenze vun hirer Vakanz nodenken.

D’Nancy Duclos erkläert, dass eng Partie Leit, déi spontan verreest sinn, an net essentielle Servicer schaffen. Sinn hir Firmen net zou, maachen si Teletravail. Amplaz wochelaang doheem ze setzen, géife se léiwer elo e bëssche ofschalten.

Ils se sont dits tant qu’à ne pas fêter en famille, on s’en va où il y a moins de restrictions, on s’en va au soleil et on fait notre quarantaine en revenant.

Zeréck a Kanada waart dann awer eng obligatoresch Quarantän vu 14 Deeg op jiddereen, deen aus der Vakanz erëm kënnt. Dës ass dann och de Grond, firwat d’Koppel Duclos sech am Endeffekt géint eng Vakanz am Süden entscheet huet.

Back to Top
CIM LOGO