Korrespondenz vu WienBudgetsdefizit als Haaptpunkt bei Koalitiounsverhandlungen

RTL Lëtzebuerg
Ronn 15 bis 20 Milliarden Euro mussen an den nächste 4 Joer gespuert ginn.
Den Herbert Kickl (beim Micro) vun der FPÖ an de Christian Stöcker vun der ÖVP féieren d'Verhandlunge fir hir Parteien.
Den Herbert Kickl (beim Micro) vun der FPÖ an de Christian Stöcker vun der ÖVP féieren d’Verhandlunge fir hir Parteien.

Dës budgetär Situatioun ass den Ament Haaptsujet vun de Koalitiounsverhandlungen an Éisträich.

De Punkt, un deem viru knapps zwou Wochen d‘Regierungsverhandlungen tëscht rietskonservativer ÖVP, de Sozialisten an de liberalen NEOS geplatzt sinn, bestëmmt zanterhier och d’Gespréicher vun ÖVP an de rietsnationaler FPÖ: d’Budgetslach vu bal 20 Milliarden Euro muss gefëllt ginn.

Korrespundenz vu Wien / Rep. Pol Edinger

Elo goufen et éischt Detailer, wéi dat geschéie soll. Duerch eng Rëtsch Mesurë sollen eleng dëst Joer iwwer 6 Milliarden Euro agespuert ginn. Den Herbert Kickl, Chef vun der rietser FPÖ a warscheinlech den nächste Bundeskanzler, hat am Walkampf nach versprach, kéng weider Steieren z’erhéijen, ma dat wäert wuel net geléngen. Besonnesch am Beräich vum Klimaschutz sollen et massiv Kierzunge ginn: esou solle Photovoltaikanlagen nees besteiert ginn, wat am Fong bis Enn des Joers nach steierfräi sollt bleiwen. Och de sougenannte “Klima-Bonus” soll ofgeschaaft ginn. Mat dësem hat déi vireg Regierung versicht, e sozialen Ausgläich fir d’CO2-Steier ze schafen. Experte gesinn d’Annulatioun vum Klima-Bonus de facto als eng Steierhausse. Chômeure sollen net méi duerfen eppes weider bei hire Chômage kënne verdéngen, woubäi d’Effikassitéit vun dëser Mesure op de Budget net wierklech kloer ass.

Duerch Kierzunge vun Ëmweltsubventiounen ëm 20 Prozent, dem Ofschafe vum Klimabonus a Steiererhéijungen an der E-Mobilitéit versprieche sech d’Koalitiounspartner, een Drëttel vun de sechs Milliarden Euro dëst Joer eranzekréien.

De Finanzminister war schonn ze Bréissel, eng Defizitenquête vun der EU ass de Moment vum Dësch. Wéi vill d’Éisträicher wäerte spuere mussen, ass nach net ganz kloer. Fix ass awer, dass déi momentan Pläng virun allem d’Salariat concernéieren, wat d’Patronen freeën dierft.

Back to Top
CIM LOGO