
Bei den Neiinfektiounen ass dat eng Hausse vun iwwer 6.000 par Rapport zum leschten Héchstwäert bannent 24 Stonnen. Mëttlerweil sinn 20.970 Infizéierter gestuerwen, esou den RKI.
Vun e Méindeg u kéint an Däitschland nees e komplette Lockdown en place gesat ginn. Ëmmer méi Bundeslänner, dorënner Bayern, fuerderen nämlech een haarde Lockdown nach viru Chrëschtdag. Et sollt haut an net eréischt muer eng Decisioun geholl ginn.
Iwwerdeems huelen eng Rei Bundeslänner schonn hir eege méi strikt Mesuren: vun e Samschdeg u gëllt ënner anerem a Baden-Württemberg eng Ausgangsspär vun 20 Auer un, mat enger Exceptioun tëscht dem 23. an dem 26. Dezember.
