
De Chef vum Brécken- an Ingenieurbauwierk-Departement vun der Stad Dresden, den Holger Kalbe, geet dovun aus, datt et zu DDR-Zäiten e massive sougenannte “Chlorideintrag” gouf, wéi hie bei enger kuerzer Pressekonferenz e Mëttwoch erkläert huet.
Zwar wier an der Vergaangenheet scho Chlorid aus dem Bauwierk erausgeholl ginn, ma do, wou d’Bréck deels an de Koup gefall ass, stéing e Potto vun de Verkéiersbetriber, esou datt et do eventuell zu engem massiven Antrëtt vu Chlorid komm wier. Dëst wieren awer just Vermutungen, déi iwwerpréift misste ginn, sot de Kalbe weider.
Schonn zanter Jore géing sech d’Stad mam Risiko beschäftegen, dee vun der Bréck géing ausgoen. Dowéinst wieren zwee vun den dräi Bréckenzich an de leschte Jore sanéiert ginn. De Bréckenzuch, deen elo an de Koup gefall ass, an op deem d’Tram fiert, sollt 2025 sanéiert ginn. Datt den Zoustand “sou schlëmm” war, hätt een net virausgesi kënnen, sou den Holger Kalbe weider.
D’Ongléck war um fréie Mëttwochmoie geschitt, wéi keen op der Bréck war. De westlechen Deel war op enger Längt vu ronn 100 Meter an d’Elbe gefall. Blesséiert war kee ginn, well deen Ament keng Persounen a Gefierer op der Bréck waren. De Pompjeeën no géing de Risk weiderhi bestoen, datt nach Deeler vun der Bréck kéinten an de Koup falen.