Walen am Oste vun DäitschlandCDU knapp vir a Sachsen, an Thüringen gëtt AfD stäerkste Kraaft

RTL Lëtzebuerg
Déi Lénk vum Ministerpresident Bodo Ramelow stierze reegelrecht of.
© afp

Bei de Landtagswalen an Thüringen gëtt d’AfD wéi erwaart déi stäerkste Kraaft. D’CDU kritt déi zweetmeeschte Stëmmen a kéint rechneresch eng Koalitioun mat SPD a BSW forméieren.

Déi Gréng an d’FDP sinn net méi am nächste Landtag vertrueden. Déi Lénk trëfft et besonnesch schlëmm, hei zeechent sech e reegelrecht Debakel fir d’Partei of.

Éischten Héichrechnungen do soll d’AfD op eppes iwwer 30% kommen, d’CDU nëmmen op 24,5% vun de Stëmmen. D’Partei vum Sahra Wagenknecht kéim op ronn 15% a kéim dann natierlech fir eng Koalitioun kloer a Fro.

A Sachsen dogéint géif den Héichrechnungen no d’CDU stäerkste Kraaft ginn, dat awer just ganz knapp virun der AfD. D’CDU läit bei ronn 31,6%, d’AfD géif op tëscht 30,2 an 31,3% kommen, sou ZDF.

Back to Top
CIM LOGO