Um siwenten Dag vum russeschen Invasiounskrich op d’Ukrain gëtt op ville Fronte gekämpft, mee bis ewell ass nach keng gréisser ukrainesch Stad vollstänneg ënnert der Kontroll vu Moskau. 2.000 ukrainesch Ziviliste wiere bis ewell ëmkomm, sou d’Autoritéiten an der Haaptstad Kiew. China wäert net bei de finanzielle Sanktioune géint Moskau matmaachen - de Rubel steet trotzdeem ferm ënner Drock. D’Verhandlungen si bis ewell net virukomm E Resumé aus de leschte 24 Stonne vum Petz Bartz.
Charkiw an der Zaang
“Ouni dass Russland wëllt eng Wafferou agoen, kann et keng Verhandlunge ginn.” Eng kloer Ausso vum ukrainesche President Wolodymir Selenskyj, dee säi Vollek e Mëttwoch um siwenten Dag warnt, dass et en Uerder géif ginn, se auszeläschen. D’Ukrain, mat hirer Geschicht an hirem Vollek.
A no den intensive Bombardementer vu Charkiw hënt, der zweetgréisster Stad am Land, sou Korrespondenten op der Plaz, kéint een déi Impressioun kréien. No schwéiere Loftattacken a staarke Bombardementer an der éischter Hallschent vun der leschter Nuecht, wiere géint 3 Auer Lokalzäit hënt russesch Spezialunitéite mat Fallschiermer an der Stad gelant. Mee d’Kontroll behale bis elo jiddefalls awer nach d’Ukrainer.
Keng gréisser Attacken op Kiew
Kiew ass vun deenen erwaarten Attacken hënt gréisstendeels verschount bliwwen. Mä westlech vun der Haaptstad – an den Uertschafte Bucha a Zhytomyr – goufen et massiv Loftattacken a Konfrontatioune mat russescher Artillerie. Militäranalytiker no probéiert Moskau, seng ganz schwaach geplangten Operatioun an der Ukrain mat brutaler Krichsféierungstaktik auszegläichen, och ouni Récksiicht op Verloschter bei Zivilisten.
Verloschter fir déi russesch Wirtschaft
D’Verloschter a punkto Wirtschaft dogéint bäissen a Russland ëmmer méi. Den drëtten Dag hannertenee mécht déi russesch Bourse hir Diere guer net op. De Rubel läit elo 110 zum Dollar. Boeing liwwert keng Ersatzdeeler méi un Aeroflot. Apple, Google, Ford, Exxon-Mobil sinn a Russland elo Geschicht.
Attack op Holocaust-Gedenkplaz
An der UNO-Vollversammlung zu New York gouf d’Attack vu Russland op d’Ukrain e Mëttwoch mat grousser Majoritéit condamnéiert: 141 zu 5, bei 35 Enthalungen.
Nom Bombardement en Dënschdeg am fréien Owend op den Televisiounstuerm zu Kiew raumt de Militär e Mëttwoch niewendrun d’Holocaust-Gedenkplaz Babin Yar, wou 1941 bannent zwee Deeg 34.000 Judde vun den Nazie massakréiert goufen. En Dënschdeg haten d’Russen och déi Plaz am Viséier. Dem jüddesche President Selenskyj gouf d’Noriicht vu sengem Chef d’État-Major, dem Andriy Yermak, an de Bunker bruecht.
Eng knapp Woch dauert déi russesch Invasioun an der Ukrain elo. D’Attacken op grouss ukrainesch Stied sinn an der Nuecht op e Mëttwoch an de Moie weidergaangen. Allgemeng bleift d’Lag oniwwersiichtlech, ënnert anerem, well béid Säiten ënnerschiddlech Informatioune kommunizéieren.
Nei Gespréicher tëscht Russland an Ukrain
Moskau deelt mat, datt ee prett wier, fir e Mëttwoch den Owend weider ze verhandelen. Den zweete Rendez-vous soll jo un der polnesch-belarussescher Grenz sinn, e geneeë Standuert gëtt net genannt. Et géing een hoffen, datt déi ukrainesch Delegatioun kéim. E Méindeg war eng éischt Gespréichsronn un der ukrainesch-belarussescher Grenz jo ouni Resultat bliwwen.
Ob déi ukrainesch Responsabel där Propos definitiv zoustëmmen, ass nach net gewosst. De President Wolodymir Selenskyj hat an de leschten Deeg op alle Fall Wësse gedoen, datt de Stopp vun der russescher Offensiv eng Konditioun wier.
Kiew a Charkiw am Fokus vun der Attack
Wat déi Offensiv selwer ugeet, sou konzentréiere sech d’Ausenanersetzungen den Ament virun allem op déi zwou gréisst Stied Kiew a Charkiw. Deeler vu Charkiw sollen zerbommt gi sinn. Russesch Parachutiste wieren iwwert der Stad erofgesprongen, heescht et. E militäresche Medezinzentrum wier attackéiert ginn, soen ukrainesch Responsabel. De Gouverneur vun do mellt op d’mannst 21 Doudeger.

Den ukrainesche President Selenskyj schwätzt vu Krichsverbriechen. Et wieren Attacken op d’Zivil-Populatioun ginn.
Och zu Cherson am Süden hätten d’Russen elo d’Kontroll iwwert d’Stad, mellt Moskau, nodeems et wuel hefteg Konfrontatiounen an der leschter Nuecht gouf. Kiew confirméiert dat net.
Attacke goufen et dann och zu Schytomyr an zu Mariupol. Da soll och dat gréisst ukrainescht Atomkraaftwierk ënner russescher Kontroll sinn.
Russland: Geziilt Infrastrukture vu Militär a Geheimdéngscht zerstéiert
Dem russesche Verdeedegungsministère no géinge geziilt militäresch Infrastruktur a Geheimdéngschtinstallatiounen zerstéiert ginn. Zënter dem Ufank vun der Operatioun wiere méi wéi 1.500 ukrainesch Militärobjeten zerstéiert ginn, mellt Moskau. Den ukrainesche Verdeedegungsministère schwätzt iwwerdeems vu méi wéi 5.800 russeschen Zaldoten, déi ëmkomm wieren.
Sanktioune géint Belarus
Wat d’Sanktiounen ugeet, sou huet d’EU nei Strofe géint Belarus decidéiert, dat deelt déi franséisch Presidence mat. Betraff ass ënner anerem d’Holz- a Stolindustrie. Och d’Exporter a Richtung Belarus solle limitéiert ginn. De belarussesche President Alexander Lukaschenko gëllt als Alliéierte vum russesche Staatschef Wladimir Putin.
Warschau deelt mat: 450.000 Flüchtlingen a Polen
Zënter dem Ufank vun der russescher Offensiv solle méi wéi 450.000 Flüchtlingen a Polen ukomm sinn. Dat deelt Warschau mat. Eleng an de leschten zwee Deeg hätten 200.000 Mënschen d’Grenz passéiert.
Attacken op Stied gi weider
D’russesch Attacken op grouss Stied an der Ukrain sinn och an der Nuecht op e Mëttwoch weidergaangen. Déi zweetgréisste Stad Charkiw gëtt elo vu russesche Parachutisten attackéiert. Ënnert anerem wier e Spidol viséiert gewiescht. Zu Charkiw sinn en Dënschdeg schonn eng Dose Mënsche bei Loftattacken ëm d’Liewe komm. Ma och aus aner Stied gi schwéier Gefechter an Affer gemellt.
An der Peripherie vu Charkov ass et den ukraineschen Truppen gelongen, eng hallef Dose russesch Panzer ze zerstéieren. An eng gréisser russesch Militärkolonn am Süde vun der Ukrain wier vun der ukrainescher Aviatioun bombardéiert a quasi ganz zerstéiert ginn.
Belarussesch Truppe goufen an Aläerte gesat
Iwwerdeems mellt den ukrainesche Verdeedegungsministère, datt un der Grenz belarussesch Truppen zesummegezunn an an Aläerte gesat goufen. D’Angscht virun enger belarussescher Invasioun klëmmt deemno weider.
Aus Belarus wieren och schonn zanter dem Ufank vum Krich Rakéiten op d’Ukrain geschoss ginn.
All weider News iwwert d’Ukrain an eisem LivetickerUN: 700.000 Leit aus der Ukrain geflücht
Iwwerdeems verloossen och ëmmer méi Leit d’Ukrain. De Vereenten Natiounen no wiere scho knapp 700.000 Mënschen an d’Nopeschlänner geflücht, d’Hallschent dovunner a Polen.
Biden: Putin ass russeschen Diktator
E russeschen Diktator, deen international esou isoléiert wier, ewéi nach ni virdrun. Esou huet den US-President Biden de Vladimir Putin genannt, bei senger Ried zur Lag vun der Natioun an der Nuecht op e Mëttwoch virum Kongress zu Washington. De Putin hätt mat senger Attack op d’Ukrain probéiert, d’Piliere vun der fräier Welt ze pulveriséieren. Ma do hätt hie sech awer ferm verrechent.
D’Ukrainer a virop hire President Selenskyi géifen der Welt als Beispill déngen a Saache Courage an Asaz fir Fräiheet, esou den US-President weider.
Dernieft huet de President Biden och weider Sanktioune géint russesch Oligarchen annoncéiert an, datt den amerikanesche Loftraum fir russesch Fligere gespaart gëtt. Virdrun haten d’EU a Kanada dat schonn decidéiert.

Et komme weider Sanktioune géint Russland
E Mëttwoch soll d’Lëscht bekannt ginn, vun deene russesche Banken, déi aus dem internationale Finanztransaktiounssystem SWIFT ausgeschloss ginn. Dat huet déi franséisch EU-Presidence en Dënschdeg den Owend confirméiert.
Dernieft kënnt e Verbuet fir Europäer, sech u Projeten ze bedeelegen, déi vum russesche Staatsfong finanzéiert ginn. Och déi amerikanesch Kreditkaartenhaiser Visa, Mastercard an American Express sollen d’russesch Banken elo vun hire Systemer ausgeschloss hunn.
An och ëmmer méi grouss international Energie-Konzerner dréine Moskau de Réck. Ënnert anerem BP, Shell oder Exxon-Mobile hätten hir Geschäfter mat Russland gestoppt.
Präisser fir Agrar-Produite klammen
D’EU-Landwirtschaftsministeren hunn iwwerdeems e Mëttwoch eng Videokonferenz wéinst dem Krich.
D’Ukrain a Russland sinn nämlech fir méi wéi 30% vun der weltwäiter Kärerecolte responsabel. D’Präisser fir Agrar-Produite wieren zanter enger Woch och ferm geklommen.
Dir hutt D’Wuert am Verdeedegungsminister François Bausch: Krich an der Ukrain an d’Konsequenzen
