Korrespondenz vu ShanghaiChina ass op de Goût vum Kaffi komm

RTL Lëtzebuerg
Fir vill Leit a China muss Gedrénks virun allem eppes sinn: waarm. Nieft dem traditionellen Téi mëscht sech elo och de Kaffi ënnert d’Leit.
E Coffee shop zu Shanghai.
E Coffee shop zu Shanghai.
© LIU YING / Xinhua via AFP

D’RTL-Korrespondentin Anne Wang lieft zu Shanghai a kënnt an de Genoss vum chineesesche Kaffi.

Schonn zanter eng gudder Zäit wackelt den Troun vum Téi a China. Wann een elo mueres duerch d’Stroosse geet, richt een ëmmer méi dacks de staarken Aroma vum Kaffi. An och ënnert de Leit gesäit een der ëmmer méi mam onverkennbare Kaffisbecher “to go”.

China ass op de Goût vum Kaffi komm

Sou wéi villes a China huet sech och de Kaffi-Trend extreem séier ausgebreet. Eleng zu Shanghai ginn et entretemps iwwer 8.000 Caféen - ville Presse-Artikelen no méi, wéi an all aner Stad op der Welt. An dat mierkt een och. A ville beléifte Stroossen fënnt een op emol gutt a gär 10 Caféen niefteneen. Dat besonnescht zu Shanghai: am Géigesaz zu anere Stied a China dominéieren hei net déi grouss Chaînen, mee kleng Caféen, wou ee knapps genuch Plaz huet fir sech ze setzen.

An de Wandel mierkt een net nëmmen am Konsum. A Regioune wéi dem Yunnan, wou haaptsächlech Téi ugebaut gëtt, klammen elo vill Baueren op den Ubau vun Arabica an aneren Zorten ëm. Experten no wäerten déi ganz besonnesch geographesch Lag a Klima mat der Zäit och de Goût vun de Kaffi-Boune beaflossen an e Kaffi kreéieren, deen et soss néirens gëtt.

Eppes Neies kritt een elo schonn an de Becheren. Amplaz vu Cappuccino an aneren Zorte stinn a China “Jasmin Café Lattéen” an “Orange Espressoen” um Menu. Villäicht kommen déi jo och bis bei eis op Lëtzebuerg!

Back to Top
CIM LOGO