HandelssträitChina hofft op Kompromëss mat den USA, Trump erhéicht Taxen entretemps op 145%

RTL Lëtzebuerg
China huet d'USA en Donneschdeg gebieden, dass ee sech am Sträit ëm d'Importtaxen op e Kompromëss eenegt.
China hofft op Kompromëss mat den USA, Trump erhéicht Taxen entretemps op 145%
China huet d’USA en Donneschdeg gebieden, dass ee sech am Sträit ëm d’Importtaxen op e Kompromëss eenegt.

Wéi eng Spriecherin vum chineeseschen Handelsministère sot, géif Beijing drop hoffen, dass d’USA a China sech op Basis vu géigesäitegem Respekt a friddlecher Koexistenz op hallwem Wee géife begéinen, fir hire Sträit iwwer Importtaxen am Dialog ze léisen. De chineeseschen Ausseministère huet an deem Kontext och gewarnt, dass Importtaxe schlecht fir déi ganz Welt wieren.

Nodeems den Donald Trump annoncéiert huet, dass hien d’Importtaxe fir praktesch all d’Länner fir en Zäitraum vun 90 Deeg wäert aussetzen, sinn d’Coursen op de Bourssen an den USA an Europa, grad ewéi an enger Partie asiatesche Länner nees geklommen.

China gehéiert allerdéngs net zu de Länner, fir déi d’Taxen ausgesat ginn. Den US-President huet esouguer annoncéiert, dass d’Taxen op Produiten aus China op 125 % klamme wäerten amplaz, wéi bis ewell geplangt, op 104 %. Dës Taxe sinn en Donneschdeg zu deem Ament a Kraaft getrueden, wéi China sengersäits Taxen an Héicht vu 84 % op US-Produiten imposéiert huet. En Donneschdeg huet CNBC dunn ënner Beruffung op Sourcen aus dem Wäissen Haus gemellt, datt d’USA hir Stroftaxen op chineesesch Produiten op 145% hiewe wäerten.

Den Donald Trump hat jo annoncéiert, dass ee sech mat alle Länner op Handelsofkommesse géif eenegen, och mat China. Ma d’chineesesch Regierung géing bis ewell net wëssen, wéi se sech soll uleeën, fir en Ofkommes auszehandelen.

Den Noriichtesite “Bloomberg” schreift iwwerdeems, dass héich Membere vun der chineesescher Regierung en Donneschdeg zu Beijing iwwer méiglech Mesurë beroden, fir déi chineesesch Ekonomie, déi och scho virun den US-Importtaxe lues gedréint huet, weider unzekuerbelen.

Back to Top
CIM LOGO