Lutte géint CoronavirusChina lueft eege Pandemie-Strategie

RTL Lëtzebuerg
D'Regierung zu Peking huet den Ëmgang vun der Kommunistescher Partei mat der Pandemie als virbildlech gelueft.
© AFP (Archiv)

D’KP hätt eng “entscheedend Roll” dobäi gespillt, datt China “géint déi ongewéinlech Risiken an Erausfuerderunge vun dësem Joer gewonnen” hätt, dat huet de Politbüro vun der Partei kuerz virum Start vun enger Etüd vun der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) zum Ursprong vum Coronavirus matgedeelt. Dofir sollen ënnert anerem WHO-Experten op Wuhan reesen.

Regierunge vun anere Länner reprochéiere Peking, dat éischt Optriede vum neiaartege Virus zu Wuhan viru ronn engem Joer verschleiert ze hunn an domadder zu der weltwäiter Ausbreedung vum Coronavirus bäigedroen ze hunn. Géint Kritik um Krisemanagement geet China mat alle Muecht vir. E Méindeg soll de Prozess vum verhafte chinesesche Blogger Zhang Zhan ufänken, hie sëtzt zanter Mee am Prisong. Den Zhang hat am Ufank vun der Kris online iwwert de Chaos am Krisemanagement zu Wuhan bericht.

Back to Top
CIM LOGO