
Wann den Joe Biden offiziell nächsten US-President ass, da wéilt Peking nees den Dialog mat Washington sichen, sou heescht et aus China. Et misst ee versichen, d’Vertrauen nees hierstellen, sou den Ausseminister Wang Yi e Méindeg de Moien. Et wier wichteg, mat Bléck op Problemer, déi een net direkt kéint aus der Welt schafen, eng konstruktiv Astellung ze behalen.
Eng weider Eskalatioun misst op alle Fall verhënnert ginn. Ënnert dem Donald Trump hate sech d’Relatiounen tëscht Peking an Washington massiv verschlechtert. Nach virun e puer Deeg huet den amerikaneschen Ausseministère nees Arees-Limitatioune fir Membere vun der kommunistescher Partei decidéiert. An e Méindeg sollten och nei Sanktiounen annoncéiert ginn.