
Dat hat Microsoft en Dënschdeg den Owend an engem Schreiwes matgedeelt. Wéi et an dësem heescht, sollen d’Hacker fir eng Organisatioun mam Numm “Storm-0558" schaffen. insgesamt hätte si sech Zougang vu den E-Mail-Konte vu 25 Organisatioune verschaf, dorënner och Regierungsagencen.
Microsoft selwer huet keent vun den eenzelen Ziler vun den Attacke genannt. Allerdéngs huet e Spriecher vum amerikaneschen Ausseministère matgedeelt, dass een ongewéinlech Aktivitéiten am informatesche System vum Ministère registréiert, an eng Enquête an d’Weeër geleet hätt. Weider Detailer wéilt een den Ament net kommunizéieren.
Informatioune vun der Washington Post no wiere keng E-Mail-Konte mat geheimen oder militäresch relevanten Informatioune gehacked ginn.