
Déi däitsch Agence fir Aarbecht huet d’Zuelen erausginn. Berechnungen no geet d’Zuel vun de Leit, déi op der Sich no enger Schaff sinn, am Verglach zum Mount Mäerz ëm ronn 373.000 an d’Luucht. Iwwer 2,64 Millioune Leit hunn den Ament keng Aarbecht.
751.000 Betriber hu Kuerzaarbecht ugemellt, wouduerch 10,1 Milliounen Employéen betraff sinn.
