
De giganteschen Hëllefsprogramm an Héicht vun 900 Milliarden US-Dollar gouf vu Republikaner an Demokraten gläichermoosse guttgeheescht, mä den President hat sech geweigert, fir dat Ganzt ze approuvéieren.
Dat mam Argument, dass déi 600$ Direkt-Hëllef fir US-Bierger ze kleng wier, an op d’mannst 2000$ héich misst sinn. Där Meenung waren och d’Demokraten, mä se goufe vum Trump senger Partei am Kongress iwwerstëmmt.