GroussbritannienCorona-Mesurë gi lues opgehuewen an et soll méi getest ginn

RTL Lëtzebuerg
A Groussbritannien sollen d'Corona-Mesuren nëmme lues opgehuewe ginn. De geneeë Plang soll et e Sonndeg ginn.

Groussbritannien wëll elo och méi testen. D’Land huet déi meeschten Doudeger an Europa. De Boris Johnson, dee jo selwer wéinst dem Virus op der Intensivstatioun louch, kritt reprochéiert ze spéit reagéiert ze hunn.

De staatleche Gesondheetsdéngscht ass och zanter Joren ënnerfinanzéiert.

Back to Top
CIM LOGO