Rheinland-PfalzCorona-Restriktioune sollen iwwer Silvester net opgehuewe ginn

RTL Lëtzebuerg
Wärend de Chrëschtdeeg dierfe sech maximal 10 Leit aus 3 ënnerschiddleche Stéit gesinn, dëst gëllt allerdéngs net fir Silvester.

D’Landesregierung a Rheinland-Pfalz wëll, anescht wéi bis ewell geplangt, d’Corona-Restriktiounen iwwer Silvester net ophiewen. Definitiv decidéiert wier zwar nach näischt, esou d’Ministerpresidentin Malu Dreyer en Dënschdeg, ma eng Ausnam vun de Restriktioune géif just tëscht dem 23. an dem 27. Dezember gemaach ginn. Dee Moment solle sech maximal 10 Leit aus 3 Stéit dierfen treffen. No de Feierdeeg dierfe sech nees nëmme 5 Mënschen aus 2 ënnerschiddleche Stéit gesinn, Kanner ënner 14 Joer zielen net dozou.

Op Silvester selwer ass et donieft verbueden, dobaussen op ëffentleche Stroossen a Plazen ze feieren an Alkohol ze consomméieren. Dat selwecht gëllt fir d’Freedefeier. Déi üblech Ereegnesser op Silvester wieren an der aktueller Situatioun “definitiv net ze veräntwerten”, sot d’Malu Dreyer. De Gesondheetssystem wier den Ament scho genuch belaascht, dowéinst misst ee vermeiden, dass Patiente wéinst ë.a. Blessuren duerch Freedefeier ageliwwert géinge ginn.

Eng identesch Virgoensweis gouf en Dënschdeg am Saarland decidéiert. Béid Bundeslänner leie bei engem Inzidenzwäert vun 140 Positive pro 100.000 Awunner bannent 7 Deeg.

Back to Top
CIM LOGO