
A Frankräich gëtt driwwer nogeduecht, a verschiddene Regiounen a Grouss-Stied, déi besonnesch schlëmm vun der Pandemie betraff sinn, de Couvre-feu weider ze verlängeren a schonns um 18 Auer unzefänken. Dat sot de Gesondheetsminister Veran en Dënschdeg den Owend op France2.
Den Ament gëllt d’Ausgangsspär vun 20 Auer bis moies um 6.
Betraff wieren da wuel och Departementer am Grand-Est, wou d’Infektiounszuele weiderhi ganz héich sinn.