
A verschiddene Regiounen ass d’Ausgangsspär fir d’Feierdeeg no hanne geréckelt ginn an d’Butteker hunn nees opgemaach. D’Danielle Filbig mat enger Korrespondenz vu Bréissel.
D‘Haaptstaat Bréissel, wéi och d‘Wallonie hunn en Donneschden annoncéiert, datt och si, ewéi zu Lëtzebuerg, hir aktuell Anti-Covid-Mesurë bis op de 15. Januar verlängeren. Domat bleift de Couvre-feu vun Owes 10 bis moies 6 Auer bestoen. De ganzen Horesca-Secteur muss och hei weiderhin seng Dieren zouhalen.
Och d’Studente leiden hei drënner, déi duerch d’Pandemie hir Studentenjobs verluer hunn, vun deenen si ofhängeg sinn, fir hir Studie kënnen ze finanzéieren. De Commerce ass awer erëm op a muss um 8 Auer Owes seng Dieren zou maachen. Mat Ausnam vun der Period vum 14. op den 31. Dezember, wou se hir Diere bis 9 Auer Owes kënnen oploossen. Et hu souguer scho verschidden Akafsstroossen zu Bréissel, ewéi zum Beispill d’rue Neuve, deels zou gemaach, dat wéinst dem groussem Undrang.
Fir d’Feierdeeg ass awer bis ewell nach näischt präziséiert ginn. Allerdéngs gëtt an der Nuecht vu Reveillon op Chrëschtdag eng Ausnam an der Wallonie gemaach. D’Ausgangsspär gëtt ëm zwou Stonnen no hanne geréckelt. Se géif réischt Hallefnuecht ufänken a bis Moies 6 Auer daueren.
Tëscht Lëtzebuerg an der Belsch ass och den Accord vum Teletravail fir d‘Frontalieren d’lescht Woch verlängert ginn. D’Frontalieren, déi aus der Belsch op Lëtzebuerg schaffe kommen, sollen och weider vun doheem aus kënne schaffen, hei geet souguer dervu riets, datt dëst nach dauere ka bis den 31. Mäerz.
Zu Limburg ass driwwer geschwat ginn, fir Dronen anzesetzen, fir d’Leit wärend de Feierdeeg besser kontrolléieren ze kënnen op d’Mesuren och agehale géife ginn. Eng Ministesch vun der Partei Open VLD huet sech hei zu Wuert gemellt a gesot, datt dëst awer ze wäit geet a géint d’Grondrechter verstéisst.
Uganks der Woch hat ee belschen Dokter jo mam Fanger op Lëtzebuerg gewisen, well si an der Province de Luxembourg opfälleg méi Fäll hunn, ewéi an anere Regiounen. Si erkläerten sech dëst duerch déi iwwer 30.000 Leit, déi aus der Belsch op Lëtzebuerg schaffe kommen, an een doduerch vill Kontakter mat de Leit aus dem Grand Duché selwer hätt. De Grand-Duché hätt déi net essentiell Geschäfter opgelooss, wouduerch vill Leit aus der Belsch eriwwer akafe komm sinn.
Derbäi gouf och gesot, datt Lëtzebuerg den héchste Kontaminatiounstaux an Europa hätt. Dëst géif awer mol déi nächst Wochen iwwerpréift ginn. Ëm den 18. Dezember wäert d’belsch Regierung sech nees zu Wuert mellen an annoncéieren, wéi et viru geet. Ze vill Hoffnunge soll een sech awer net maachen.