
D’Pist vum concernéierte Flughafe bleift nach méi wéi eng Woch gespaart. Déi zwou Black Boxe sollen elo ausgewäert ginn. Eng vun dësen ass awer beschiedegt.
D’Autoritéiten hunn ordonéiert, datt alleguerten d’Maintenance-Rapporte vum concernéierte Fliger-Typ bei den nationale Fluchgesellschaften iwwerpréift ginn.
Et geet rieds dovunner, datt de Fliger kuerz virun der Landung eng Kollisioun mat Villercher hat. Allerdéngs ass net kloer, ob a wéi dat dozou konnt féieren, datt d’Fuerwierk vun der Boeing 737-800 net eraus gefuer ass.