
Och wann d'Wieder hei am Land aktuell jo zimmlech naass ass, ass et an aneren Deeler vun Europa weiderhin extreem waarm. An d'Hëtzt suergt och fir Problemer. A Serbien beispillsweis ass e gréissert Bëschfeier ausgebrach. An der Regioun Deliblato, ëstlech vu Belgrad, si Pompjeeën aus méi europäesche Länner am Asaz, déi hire lokale Kolleegen hëllefen, ënnert anerem aus Däitschland. Den Ament sinn emol 10 Deeg fir den Asaz ageplangt, deen en Deel vum europäesche Katastropheschutzverfaren ass.
Och op der italieenescher Mëttelmierinsel Sizilien brennt et direkt op e puer Plazen, genee wéi och a Griicheland oder an der Tierkei. Eleng a Spuenien sinn dëst Joer scho knapp 300.000 Hektar Bësch a Gestrëpps verbrannt. Dat ass méi wéi 3 Mol souvill wéi d'Moyenne aus de Joren 2006 bis 2025.