
Op der griichescher Insel Kreta sinn zwee Pompjeeë bei der Bekämpfung vun engem Bëschbrand gestuerwen. Wéi déi lokal Pomjeeë matdeelen, si si bei Läschaarbechten an der Géigend vun der Stad Rethymo ëmkomm. Der Tëleeschaîne ERT no wieren déi zwee Männer um Bord vun engem Bierg an hirem Gefier vun de Flamen ageschloss ginn.
E Vertrieder vun der lokaler Gemeng huet géigeniwwer ERT matgedeelt, dass d'Feier den Ament ausser Kontroll wier. Virdrun huet et vun de Pompjeeë geheescht, dass ronn 110 Pompjeeë mat 27 Läsch-Gefierer a véier Fligeren ausgeréckt sinn, fir d'Flamen ze bekämpfen. D'Fligere kënnen e Mëttwochnomëtteg awer wéinst dem staarke Wand net fléien.
Och op anere Plazen a Griichenland dreift de Wand d'Flame mat Spëtze vu 74 Stonnekilometer un. Nieft Kreta brennt et och op den Insele Paros a Lesbos an a Messenien a Lakonien op der Hallefinsel Perloponnes. Op Paros hunn de lokalen Autoritéiten no zéng Dierfer missen als Virsiichtsmoossnam evakuéiert ginn.