Mëttlerweil 100 Hektar betraffBëschbrand an engem Naturschutzgebitt an Holland

AFP, iwwersat vun RTL
Wéinst den héijen Temperaturen an der Dréchent kann d'Feier sech séier ausbreeden.
© ROB ENGELAAR/ANP via AFP

Am Südoste vun Holland ass e Méindegowend e Feier an engem Naturschutzgebitt an der Géigend vun Oostrum an der Provënz Limburg ausgebrach. Wéi et vun den Autoritéiten heescht, wiere bis ewell 100 Hektar Bësch vun de Flame betraff. Um Méindegowend waren et der nach 21.

Bis ewell ass net gewosst, firwat d'Feier ausgebrach ass. Den Autoritéiten no kéint d'Feier sech wéinst der aktueller Dréchent an den héijen Temperature séier ausbreeden.

300 Pompjeeën hunn an der Nuecht op en Dënschdeg géint d'Flame gekämpft. Am Laf vum Dënschdeg sollen dann - wéi och schonn um Méindeg - Läschhelikopteren agesat ginn. E Camping gouf evakuéiert. Bis op d'mannst de fréien Dënschdegowend sollen och keng Zich an d'Regioun fueren.

Back to Top
CIM LOGO