Corona-PandemieDäitschland annoncéiert haarde Lockdown vun e Mëttwoch un

RTL Lëtzebuerg
Vun e Mëttwoch u soll Däitschland an en haarde Lockdown goen. Dat well d'Mesuren, déi bis ewell ergraff goufen, net déi gewënschte Resultater bruecht hunn.
Däitschland annoncéiert haarde Lockdown vun e Mëttwoch un
Dat well d’Mesuren, déi bis ewell ergraff goufen, net déi gewënschte Resultater bruecht hunn.

Den Text gesäit vir, dass d’Butteker zougemaach ginn an d’Präsensflicht an de Schoulen opgehuewe gëtt. Supermarchéen an aner essentiell Geschäfter, wéi Drogerien an Apdikten, bleiwe weider op.

Fir Chrëschtdag solle Kontaktbeschränkunge gëllen. Et soll een zwar nach kënnen an der Famill feieren, ma dat awer däitlech méi limitéiert wéi soss. Fir Silvester soll et bundeswäit e Versammlungsgesetz ginn. Dës Moossnamen solle viraussiichtlech bis den 10. Januar gëllen.
Eng grondsätzlech Eenegkeet gouf et doriwwer, dass et bis den 10. Januar kee Präsensunterrecht an de Schoule soll ginn.

Den neie Lockdown an Däitschland huet awer keen Impakt op de Profi-Sport. Och dat gouf e Sonndeg de Moien tëscht Länner a Bund festgehalen. Déi professionell Kompetitioune ginn domat, anescht ewéi a Fréijoer nach, net ënnerbrach. Dat gëllt deemno och fir d’Futtball-Bundesliga. Allerdéngs bleift et dobäi: Spectateuren an den Halen a Stadie sinn weiderhin net erlaabt.

Back to Top
CIM LOGO