
Op der amerikanescher Militärbase Ramstein an Däitschland ass dësen Dënschdeg eng Konferenz iwwert den Ukrain-Krich.
Den US-Verdeedegungsminister Austin huet seng Homologen aus NATO a Partnerlänner invitéiert. Et geet drëm, wéi een d’Ukrain militäresch kéint stäerken. An do spréngt Däitschland elo an.
Aus historesche Grënn huet Berlin bis ewell ëmmer nees gezeckt op militäreschem Plang an engem internationalem Konflikt ze intervenéieren.
Dësen Dënschdeg war et awer d’Nouvelle, dass Däitschland der Ukrain schwéier Waffen zur Dispositioun stellt.
Et geet awer iwwer Ëmweeër. Offiziell heescht dat “Ringaustauch”. Dat heescht, dass aner Länner den Ukrainer d’Militärmaterial liwweren an Däitschland deene Länner dat Material ersetzt. Virdeel vun deene Waffen ass, dass d’Ukrainer se scho kennen an net speziell musse forméiert ginn. Intressant ass, dass de Gros vun de schwéiere Militärmaschinnen aus russescher Produktioun sinn.
Dat ass eng vun den Haaptnouvelle vu Ramstein, wou d’NATO-Verdeedegungsministere beienee sinn.
Däitschland liwwert awer och virun allem Loft-Ofwierpanzeren. Déi däitsch Bundesverdeegungsministerin Christine Lambrecht wiert sech géint de Reproche, dass Däitschland aus historesche Grënn refuséiert hätt, d’Ukrain militäresch ze ënnerstëtzen. Däitschland seet sech och bereet, weider Waffen der Ukrain zoukommen ze loossen. Esou Aussoe wiere geduecht, fir d’NATO auseneen driften ze loossen. Däitschland ass och prett, méi fir d’Ukrain ze maachen. D’Méiglechkeete vun der däitscher Arméi wieren zwar begrenzt, esou d’Verdeedegungsministerin Lambrecht, mä d’Ukrain kéint direkt bei däitsche Produzente Waffe bestellen a Berlin géif d’Rechnung bezuelen. Dat wier schonn de Fall gewiescht bei Dronen an Anti-Panzerminnen.
Den US-Verdeegungsminister Austin huet ënnerstrach, dass d’NATO zesummenhält an dass alles gemaach gëtt, fir dass d’Ukrainer der russescher Arméi d’Stier kënne bidden.