Verbrieche géint d'Mënschlechkeet a KrichsverbriechenDäitscht Geriicht verurteelt fréier IS-Unhängerin zu Prisongsstrof vun 9 Joer

RTL Lëtzebuerg
Eng 37 Joer al Fra gouf zu Koblenz ënner anerem wéinst Verbrieche géint d'Mënschlechkeet an der Versklavung vun engem Mënsch schëlleg geschwat.

Donieft, ass d’Fra schëlleg, enger terroristescher Vereenegung ugehéiert ze hunn a Verbrieche géint Mënschlechkeet a Krichsverbrieche begaangen ze hunn.

D’Oberlandesgericht zu Koblenz gesäit et als erwisen hunn, dass déi Ugekloten an hire Mann sech vun 2014 bis 2019 als éischt a Syrien an duerno am Irak opgehalen hunn.

De Mann hätt hei zu Mossul als Dokter fir den islamesche Staat geschafft. Déi Verurteelten hätt hien ënnerstëtzt, andeems si sech ëm de Stot an ëm hir gemeinsam Kanner gekëmmert hätt. Dobäi hätt si eng jesidesch Fra als Sklavin gehalen a si gezwongen, Haushaltsaarbecht ze maachen. Dobäi hätten déi Verurteelt an hire Mann déi jesidesch Fra wéi hiert Eegentum behandelt. Esou hätte si si dozou gezwongen, nom islamesche Brauch ze bieden a wärend dem Ramadan ze faaschten. De Mann hätt d’Fra och vergewaltegt.

Am Haus, an deem d’Fra mat hirem Mann gelieft huet, hätte si grouss Quantitéiten u Sprengstoff a Waffe fir den islamesche Staat gelagert. Ausserdeem hätte si weiblech Membere vum Islamesche Staat ënnerstëtzt andeems si dëse bei den Demarche vun Hochzäiten oder Scheedungen, ënnerstëtzt hunn.

Wéi d’Famill schliisslech am Mäerz 2019 aus Mossul flüchte wollt, gouf se vu kurdesche Kämpfer festgeholl. D’Fra gouf dunn am Mäerz zejoert bei hirer Arees an Däitschland festgeholl. Vun hirem Mann feelt bis haut all Spuer.

Back to Top
CIM LOGO