
Den däitschen Städte-und Gemeindebund, deen d’Gemengen-Interessie bei eisen Nopere vertrëtt, stellt dat oppen a Fro. Et misst een onbedéngt d’Zuele bis kuerz virdrun analyséieren, an da bewäerten.
Mat Schleswig-Holstein ass e Sonndeg den Owend iwwerdeems och dat lescht däitscht Bundesland zum Risikogebitt erkläert ginn. Den Inzidenzwäert vu 50 Infektiounen pro 100.000 Awunner wier elo och do iwwerschratt ginn, sou dass elo ganz Däitschland der Definitioun vum RKI no, e Risikogebitt ass.
Bayern wëll jo vun e Mëttwoch un reagéieren, an d’Mesuren nach emol verschäerfen. Dat huet de Ministerpesident Markus Söder e Sonndeg den Owend confirméiert. Da gëllt nämlech den État d’urgence, an fir verschidde Stied a Regiounen gëllt eng Ausgangsspär nuets. A ganz Bayern däerf dann och keen Alkohol méi dobaussen consomméiert ginn.