
D’Giuffre war eng zentral Figur am Mëssbrauchsskandal ronderëm de brittesche Prënz Andrew an de verstuerwenen US-Milliardär Jeffrey Epstein. Si soll am Alter vu 17 Joer vum Prënz sexuell mëssbraucht gi sinn, um Epstein senger Privat-Insel. Eng Affär, déi virun 3 Joer aussergeriichtlech gereegelt gouf. Zu strofrechtleche Konsequenze koum et fir de Prënz Andrew ni. Den Jeffrey Epstein a seng Assistentin Ghislaine Maxwell goufen 2008, respektiv Enn 2021, wéinst sexuelle Verbriechen an den USA verurteelt.
Weider Infoe fannt Dir nach bei RTL Infos.