
Den Trend hätt nach ëmmer net kënnen ëmgedréint ginn, esou eng Porte-parole vun der Regierung. Ma domat dierft ee sech awer net offannen. Vue dass sech de Virus virop do géif verbreeden, wou Leit zesummekommen, missten d’Kontakter nach weider reduzéiert ginn. Deemno wiere weider Restriktiounen net auszeschléissen.
Déi däitsch Kanzlerin huet iwwerdeems e komplette Lockdown no de Chrëscht-Feierdeeg gefuerdert. Bis den 10. Januar sollten d’Butteker zou bleiwen an d’Schoulvakanze verlängert gi, respektiv op Digitalunterrecht ëmgestallt ginn, esou d’Angela Merkel.
Och de Ministerpresident vun Nordrhein-Westfalen Armin Laschet huet sech fir e komplette Lockdown iwwert de Joreswiessel ausgeschwat. Vu Chrëschtdag bis zum Schluss vun der Schoulvakanz am Januar kéint d’Land am einfachsten erofgefuer ginn an och d’Schied fir d’Bildungschance vun den Kanner, respektiv fir d’Wirtschaft wieren an där Zäit esou kleng wéi zu kengem aneren Zäitpunkt vum Joer.
Den däitsche Gesondheetsminister, Jens Spahn, huet annoncéiert jeeweils 15 FFP2-Masken u méi wéi 27 Millioune vulnerabel Persounen ze verdeelen. Dat fir den Infektiounsrisiko ëm d’Feierdeeg ze reduzéieren.