
Mat der Zouloossung fir Groussbritannien, fir den zesumme mat Pfizer entwéckelte Vaccin, huet d’Aktie vu Biontech e grousse Sprong op der Bourse gemaach an domat och d’Verméige vum Biontech-Grënner Ugur Sahin.
Wéi d’Mainzer Entreprise am September 2019 un d’Bourse gaangen ass, huet eng Aktie 15 Dollar kascht. An Tëscht gi se fir iwwer 95 Dollar gehandelt. Eleng zanter e Méindeg hunn d’Pabeiere bal 10% zougeluecht, am Verglach mam leschte Joer ass et souguer e Plus vun 250%.
Dem “Bloomberg Billionaires Index” no ass dem Ugur Sahin säin Nettoverméigen elo op 5,1 Milliarden Dollar gewuess. An der globaler Ranglëscht vun de Superräichen ass de Chef vum däitsche Pharmakonzern op Plaz 493.
Den an der Tierkei gebuerene Sahin ass mat 4 Joer zesumme mat senger Mamm bei de Papp an Däitschland geplënnert, deen zu Köln bei Ford geschafft huet. De Sahin huet spéider Medezin studéiert a gouf Dokter op der Kölner Unisklinik. Spéider ass hien an d’Unisklinik zu Homburg gewiesselt, wou hie seng Fra Özlem Türeci kenne geléiert huet.
Hir éischt Entreprise, Ganymed, hu si 2001 gegrënnt. 15 Joer méi spéit gouf den Entwéckler vun Antikierper-Therapië géint de Kriibs fir bis zu 1,28 Milliarden Euro vum japanesche Pharmakonzern Astellas iwwerholl. 2008 huet de Sahin Biontech gegrënnt, hien als Chef, seng Fra als Chief Medical Officer. Si hu sech am Ufank op d’Kriibsfuerschung konzentréiert. 2019 gouf de Biontech-Chef mam Däitsche Kriibspräis ausgezeechent.
Am Januar gouf de Fokus dunn awer op Covid-19 gesat, nodeems d’Biontech-Koppel eng beonrouegend Etüd iwwer d’Verbreedung vum Virus an enger Famill gelies hat, déi am chinesesche Wuhan war.
Biontech zielt zu den éischte Firmen, déi en Impfstoff géint de Coronavirus entwéckelt hunn.
