
Am Fall ëm den Doud vun deem eelef Joer ale franséische Meedche Lyhanna gëtt et eng weider Entwécklung. Wéi d'Noriichtenagence AFP mellt, ass de Brudder vum Jèrôme B., deen als Haaptverdächtege fir den Doud vum Meedche gëllt, e Méindeg vun der Police an de Garde à vue placéiert ginn. Dat deelt de Parquet vun Auch mat.
De Brudder, deen, wéi de Jérôme B. och, am Departement Gers lieft, wier um 10:25 Auer e Méindegmoien an de Garde à vue geholl ginn. Hie géif wéinst Reproche vu Viol vun enger mannerjäreger Persoun vun iwwer 15 Joer, Viol am Mariage, Fräiheetsberaubung, a méifache Mordmenacen am Mariage verhéiert ginn, heescht et vun der Tëleeschaîne BFM-TV a vun der Zeitung Le Monde.
Zu de Faiten, op déi d'Reproche sech bezéien, wier et tëscht 2007 an 2017 komm.
De Jérôme B. selwer ass zanter dem 1. Juni an Untersuchungshaft. Hie kritt reprochéiert, dat eelef Joer aalt Lyhanna entféiert ze hunn. D'Läich um Meedchen ass d'leschten Donneschdeg um Terrain vun engem landwirtschaftleche Betrib fonnt ginn.
Wéi Le Monde weider schreift, huet de Fall ëm den Doud vum Meedchen a Frankräich eng Kontrovers ëm méiglech Dysfonctionementer am Justizapparat ausgeléist. Am Kader vun der Enquête ass nämlech erauskomm, dass de Jérôme B schonn an der Vergaangenheet zwee Mol wéinst Vergewaltegung vu Mannerjäregen ugeklot war. Béid Affäre wieren awer agestallt ginn. De franséischen Inneminister Nuñez an de Justizminister Darmanin hunn eng administrativ Enquête ordonéiert, déi vun der Inspection générale vun der Justiz a vun der Inspection générale vun der Gendarmerie nationale soll gefouert ginn.