"Dat war e Chaos an eng Katastroph"De Frank Angel iwwert d'Zäit mam Donald Trump als President

Annick Goerens
Als Affekot lieft de Lëtzebuerger zanter e puer Joerzéngten zu Malibu a Kalifornien.
De Frank Angel iwwert d'Zäit mam Donald Trump als President
Als Affekot lieft de Lëtzebuerger zanter e puer Joerzéngten zu Malibu a Kalifornien.

Frank Angel iwwert Zäit mam Donald Trump als President/Reportage Annick Goerens

No senger Studienzäit op der UCLA (University of California, Los Angeles) ass de Frank Angel do wunne bliwwen. Hien huet déi lescht Amtszäit ënnert dem Donald Trump materlieft a fënnt dofir ganz däitlech Wierder:

“Wat wichteg ass a wat iwwer allem ass, dat ass datt d’Demokratie an der Balance ass. Den Trump ass e Faschist. Hien huet Admiratioun fir Diktatoren. Hien huet kee Verständnis fir d’Constitutioun a fir d’Séparation des pouvoirs. An hien huet keng Empathie fir kee Mënsch. [...] Dat ass déi grouss Differenz. D’Kamala Harris protegéiert d’Demokratie. An ënner dem Trump kënnen mer an eng Diktatur falen.”

Den Affekot huet fir d’Amtszäit vum Donald Trump, tëscht 2016 an 2020, eng ganz däitlech Beschreiwung:

“Dat war e Chaos an eng Katastroph. Just een Beispill: wärend der Covid-Pandemie huet ee gesinn, dass hien net just Demokratie lénks leie léisst, mee dass hien och zimmlech domm ass. Also net intellektuell. Hien huet zum Beispill geduecht, Desinfektanten wieren Traitementer géint de Covid. D’Aarbechtslosegkeet war méi grouss, wéi se elo ass. Hien huet Kanner vun Immigranten vun hiren Elteren op der Grenz getrennt. Hien huet d’Leit de-humaniséiert. Hie mécht de Geck mat Leit déi anescht sinn. An hien ass aus dem Paräisser Klimaaccord ausgetrueden.”

De Frank Angel ka sech einfach net erklären, wéi seng nei Heemecht, elo schonn nees kann op dem Punkt sinn, wou den Donald Trump riskéiert nächsten US-President ze ginn.

“Déi eenzeg Explikatioun déi ech hunn, dat ass datt hie mat de primitiven Instinkter vun de Leit spillt. De Rassenhaass, den Haass géint Auslänner, den Haass géint Leit déi verschidde sinn, den Haass géint Transgender-Leit asw. Déi Eenzeg wou ech et verstinn, wou et rational ass, dat sinn déi 1 Prozent déi superräich sinn an déi hir Steieren nees mat him weider erofgesat kréien.”

Wat mécht de gebiertege Lëtzebuerger dann, wann den Trump awer nees gewielt gëtt?

“Dat ass eng gutt Fro. Well meng Duechter a meng Famill ass hei, mee dann hu mir dat, wat den Trump seet: “the enemy from within” an dann musse mir dat bekämpfen.”

Back to Top
CIM LOGO