Südafrikanesch Juristin a MënscherechtlerinDe Friddensnobelpräis 2026 geet un d'Navanethem "Navi" Pillay

Cédric Ferry
Déi südafrikanesch Juristin huet ënner anerem Vertrieder vun der Anti-Apartheid-Beweegung viru Geriicht vertrueden.
Vun 2008 bis 2014 war d'Navanethem "Navi" Pillay UN-Kommissärin fir Mënscherechter.
© FABRICE COFFRINI/AFP

De Friddensnobelpräis 2026 geet un d'Navanethem "Navi" Pillay. Dat huet den norwegeschen Nationalkommitee e Freideg kuerz no 11 Auer bekannt ginn. De Kommitee huet d'Auszeechnung domat begrënnt, dass d'Pillay decisiv dozou bäigedroen hätt, dass "Krichsverbriechen, Verbrieche géint d'Mënschlechkeet a Vëlkermord strofrechtlech verfollegt ginn."

Si gouf zu Durban a Südafrika an eng indesch Famill gebuer. Hir Grousseltere waren an den 1890er Joren agewandert, fir ënnert enger Form vu Scholdkniechtsschaft op Zockerplantagen ze schaffen. Si huet zu Natal e Bachelor an zu Harvard en Dokter am Droit gemaach.

D'Navi Pallay huet wärend 28 Joer a Südafrika als Affekotin geschafft. An där Zäit huet si ënner anerem Vertrieder vun der Anti-Apartheid-Beweegung viru Geriicht verdeedegt, dorënner och de spéidere südafrikanesche President Nelson Mandela. Nom Enn vum Apartheid-Regime gouf si 1995 vun der neier südafrikanescher Regierung ënnert dem Nelson Mandela zur Riichterin um südafrikaneschen "High Court" ernannt. Si war déi éischt net-wäiss Fra an dëser Funktioun.

Vun 1999 bis 2023 war si Riichterin um Internationale Strofgeriicht fir Ruanda, wou si och d'Presidence hat.

Vun 2003 bis 2008 huet si um Internationale Strofgeriicht zu Den Haag geschafft. Vun 2008 bis 2014 war si UN-Kommissärin fir Mënscherechter, éier si nees zeréck bei dat internationaalt Strofgeriicht gaangen ass.

Vun 2021 bis 2025 hat si de Virsëtz vun der Onofhängeger Enquêtëkommissioun fir Gaza, déi Israel zejoert reprochéiert huet, fir e Genozid an der Gazasträif responsabel ze sinn.

Back to Top
CIM LOGO