Gasliwwerungen aus RusslandDe Gas fléisst nees, ma d'Kris bleift

Jean-Marc Sturm
Gas ass fir Moskau virum Hannergrond vum Krich an der Ukrain zu enger Zort Waff ginn. Zu all Moment kéint de Gaskrunn nees zougedréint ginn.
© AFP Archivbild

Privatleit an Industrie maache sech Suërgen am Hibléck op de Wanter. Et stelle sech vill Froen. Virop mat der Fro, ob Russland nees Gas liwwert.

Äntwert: Jo, mä mat Nuancen.

Gasliwwerungen aus Russland / Reportage vum Jean-Marc Sturm

Et geet ëm déi sougenannten Nord-Stream-Leitung. Mam Argument vun enger globaler Revisioun huet de Regime vum Wladimir Putin de Gaskrunn ferm erofgedréint. Allerdéngs ass de Flux scho virun der Revisioun vun de Russen op nëmmen nach 40 Prozent erofgeschrauft ginn.

Do sinn am Westen d’Alarmanlage lassgaangen.

Wéi vill Gas an den nächsten Deeg a Wochen effektiv fräigeschalt gëtt, bleift ofzewaarden. Aktuell kënnt op alle Fall mat manner wéi 30 Prozent vun deem, wat potentiell méiglech wier, an Europa un. Dat heescht ze wéineg

Et wäert also an deem Rhythmus wuel net ouni Aschränkungen duerch de Wanter goen.

D’Russe komme mam Argument, dass si, am Kader vun enger grousser Revisioun, keng Turbinn wéinst dem Embargo geliwwert kréien, déi fir eng Reparatur a Kanada war. Probleem ass den Embargo géint Moskau, deen awer iwwer Ëmweeër kéint ëmgaange ginn.

Da gëtt et nach eng zweet Gas-Pipeline. Ma och déi gëtt vum Putin als politescht Gespills an d’Arena geworf.

Moskau bleift op alle Fall beim Liwwere vu Gas kee séchere Partner, och wann d’Russe riskéieren, kee Geld ze kréien, wa se effektiv net sollte liwweren. De Putin-Regime brauch op alle Fall Geld, fir de Krich an der Ukrain, respektiv hir “militäresch Spezialoperatioun” ze finanzéieren. Op der anerer Säit profitéiert Moskau vun der Hausse vun de Gaspräisser um Weltmaart.

Fazit: Aktuell ass eis Versuergung mat Gas net sécher. Mir Consommateuren wäerte missen déif an d’Täsch gräifen. Betriber mussen eventuell op Kuerzaarbecht zeréckgräifen oder esouguer zoumaachen. D’Bourssë kréien den Hick an d’erneierbar Energië loossen op sech waarden.

D’Hannergrënn iwwert de Krich an der Ukrain kuerz erkläert

Back to Top
CIM LOGO