Staatsbegriefnes vun der QueenDe Grand-Duc Henri huet mat der Grande-Duchesse un de Feierlechkeeten deelgeholl

RTL Lëtzebuerg
Wäit iwwert d'Landesgrenze vu Groussbritannien eraus hat d'Welt mat Trauer a Schock op den Doud vun der Queen Elizabeth II. reagéiert.
Groussbritannien seet senger Kinnigin Äddi
E Méindeg huet sech Am Vereenegte Kinnekräich nach emol alles ëm d’Queen gedréit. Mat groussem Zeremoniell gouf si bäigesat.

E Méindeg waren um Staatsbegriefnes fir déi verstuerwe Kinnigin eng 2.000 Monarchen, Staatscheffen an aner wichteg Perséinlechkeeten aus aller Welt derbäi.

Staatsbegriefnes fir d’Queen / Rep. Pierre Jans

Fir Lëtzebuerg waren de Grand-Duc Henri an d’Grande-Duchesse Maria Teresa zu London, fir der Queen Elizabeth II. déi lescht Éier ze erweisen. Virun der grousser Trauerfeier e Méindeg hate si schonn e Sonndeg an der Westminster Hall d’Geleeënheet, méi perséinlech Ofschid ze huelen.

De Grand-Duc a a seng Fra stoungen an der Westminster Hall um Balcon iwwert der Schlaang vun dausende Leit, déi iwwer véier Deeg zu London ugestanen haten, fir der Monarchin Äddi ze soen. Si hat Ufank dës Jores 70 Joer um Troun gefeiert.

Den Haff huet eng enk Relatioun mam brittesche Kinnekshaus. Virun allem den 2019 verstuerwene Grand-Duc Jean, dee wéi d’Queen an de Prënz Philip zu der Krichsgeneratioun gehéiert huet, hat eng staark Bindung zu de Britten. De Grand-Duc Jean war Deel vun der Irescher Garde, engem Infanterieregiment vun der brittescher Arméi, an am Joer 1943 och vun der King’s Guard.

Am Joer 1972 gouf de Grand-Duc Jean, dee vun der Kinnigin Elizabeth II. och emol mat engem méi lockeren “Hi Johnny, how are you?” begréisst soll gi sinn, fir seng Contributiounen an den “Order of the Garter” opgeholl - eng vun den héchsten Éieren, déi een am Vereenegte Kinnekräich ka kréien. 1976 hunn déi brittesch Kinnigin an de Prënz Philip déi groussherzoglech Koppel op enger Staatsvisitt zu Lëtzebuerg besicht.

En Documentaire zu dem Evenement kënnt Dir Iech hei ukucken.

Zu Lëtzebuerg hänken iwwerdeems e Méindeg eng Rei Fändelen uechter d’Land op Hallefmast. Ënnert anerem d’Gemengen Nidderaanwen a Koplescht hunn hir Fändelen erofgelooss.

Zu London stoungen um Dag vun dem Staatsbegriefnes vun der Queen dausende Leit laanscht d’Stroossen, fir de Cortège ze gesinn an der Kinnigin déi lescht Éier ze erweisen. RTL war op der Plaz an huet ënnert anerem mat engem Lëtzebuerger geschwat, deen extra fir d’Evenement seng Hochzäit ëm een Dag verkierzt huet.

D'Stëmmung zu London um Dag vum Staatsbegriefnes
Dausende Leit hunn zu London laanscht d’Stroosse gestanen, fir der Queen déi lescht Éier ze erweisen.

Weider Andréck vun der Plaz huet d’Raphaëlle Dickes fir RTL zu London gesammelt. Wéi wäerten d’Britten op e Kinnek Charles III. reagéieren? An kéinten elo weider Länner vun der brittescher Monarchie de Réck dréien?

Andréck vu London
D’Raphaëlle Dickes huet sech e Méindeg nom Staatsbegriefnes vun der Queen fir RTL vu London gemellt.

Stonnen an der Schlaang, fir der Queen Äddi ze soen

Déi brittesch Kinnigin ass en Donneschdeg den 8. September am Alter vu 96 Joer am Schlass Balmoral a Schottland am Krees vun hirer Famill gestuerwen. D’Queen selwer huet an de leschte Joren nach matgehollef, de genauen Oflaf no hirem Doud ze plangen.

En Dënschdeg ass de Sarg mat de stierflechen Iwwerreschter zu London ukomm a bis e Sonndeg war d’Doudelued an der Westminster Hall opgeboort. Bis 6.30 Auer eiser Zäit haten d’Leit nach d’Méiglechkeet, sech virun der Lued vun der Queen ze vernäipen.

D’Staatsbegriefnes vun der Queen Elizabeth II. e Méindeg gëllt als eent vun de gréissten internationalen Evenementer, dat déi brittesch Haaptstad an deene leschte Joerzéngten erlieft huet.

De Kinnek Charles III. hat bis e Méindeg e volle Programm. Ier hien nach emol d’Invitéeën empfaangen huet, hat hien e Sonndeg de Mëtteg nach Rendez-vous mat der brittescher Regierungscheffin Liz Truss am Buckingham Palace.

RTL-NEWS: Trauer ëm d’Queen London bereet sech op d’Staatsbegriefnes virE Samschdeg waren der Queen Elizabeth II. hir aacht Enkelkanner un hirer Doudelued fir eng Doudewuecht zesummekomm. Nieft dem Prënz William an dem Prënz Harry waren och d’Duechter vum Prënz Andrew, d’Kanner vun der Prinzessin Anne an d’Kanner vum Prënz Edward bei der kuerzer Zeremonie. Mam Réck zum Sarg, de Kapp gebéckt an offensichtlech ergraff, hu si eng 15 Minutten un hir Groussmamm geduecht, wärend weider Visiteuren duerch d’Westminster Hall passéiert sinn.

Do virdru war d’Mënscheschlaang fir bei d’Doudelued vun der Queen kilometerlaang. Schonn e Freideg de Moie war den Undrang esou grouss, dass am Nomëtteg zäitweis keng weider Mënsche sech hunn dierfen ustellen. Eréischt no 6 Stonne gouf d’Schlaang nees opgemaach an ass dunn op iwwer 24 Stonne Waardezäit gewuess.

Enormen Undrang viru Westminster Hall zu London
Wéinst dësem enormen Undrang dierfe bis op Weideres keng weider Mënsche sech ustellen, fir de Sarg vun der verstuerwener Kinnigin Elizabeth II. ze passéieren.

An dëser Schlaang waren awer och Perséinlechkeeten ze fanne wéi ënner anerem den David Beckham, deen nach soll zum “Sir” ernannt ginn. Hien hat sech en Donneschdeg um 2 Auer an der Nuecht an d’Rei gestallt a bal 12 Stonne gewaart, fir der Queen eng lescht Éier ze erweisen. Fir de fréiere brittesche Futtball-Profi war et e ganz emouvante Moment.

An an der Waardeschlaang unzestoen, war net evident, bei Temperaturen ëm just nach 7 Grad an der Nuecht op e Sonndeg. E Samschdeg den Owend haten den neie Kinnek Charles III. a säin eelste Fils Prënz William d’Leit an der Rei iwwerrascht. “Ech hoffen, Dir sidd net ze vill duerchgefruer”, sot de Kinnek zu enger Fra.

Déi nei “Queen Consort”, wéi d’Partnerin vum Kinnek a Groussbritannien genannt gëtt, huet e Samschdeg eng éischte Kéier en Interview ginn. Op der BBC huet d’Camilla hire Respekt ausgedréckt fir hir verstuerwe Schwéiermamm, déi hire Wee gaange wier, als eenzeg Fra an enger vu Männer dominéierter Welt.

Den Trauergottesdéngscht fir d’Kinnigin Elizabeth II. an der Westminster Abbey kënnt Dir hei am Replay kucken.

Back to Top
CIM LOGO